Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

EU-Sommet zu Bréissel: Déi 27 Länner beroden iwwer d’Stabilitéit vun de Banken

Um Freideg de Moie kréien déi 27 Staats- a Regierungscheffen zousätzlech Informatiounen zu der aktueller Finanzsituatioun.

D'Presidentin vun der europäescher Zentralbank Christine Lagarde an de President vum Eurogrupp, de Paschal Donohoe sinn dofir e Freideg mat dobäi.

Den europäesche Bankesystem wier e robusten. D'Reegele fir de Secteur, déi nach viru Kuerzem als ze streng erduecht goufen, géinge sech elo als noutwenneg erweisen. Dat sot de Premier Xavier Bettel nom EU-Sommet an der Entrevue mat der EZB-Cheffin Christine Lagarde. De Message vu Stabilitéit vun der europäescher Zentralbank géing berouegen, sot de Xavier Bettel der Presse géintiwwer. Dass d’Aktie vun enger ganzer Rei europäesche Banken e Freideg ëm direkt e puer Prozentpunkte gefall sinn, wier dem Premier no reng Spekulatioun op der Bourse.

Wat d’Diskussioun ronderëm d'E-Fuels ugeet, esou huet sech de Xavier Bettel enttäuscht gewisen. Hie wier der Meenung, dass déi däitsch Autosindustrie d'Transitioun zu engem komplett elektresche Fuerpark wirtschaftlech kéint stemmen. D'Decisioun, no 2035 keng nei Autoe mat Verbrenner-Motor méi zouzeloossen, wier net einfach esou komm, mee well eng Klimakris soll bewältegt ginn, huet de Premier betount. De Fait, dass elo duerch de syntheetesche Sprit eng Hannerdier fir de Verbrenner soll geschaaft ginn, wier e klore Schrëtt no hannen.

Schonn am Virfeld vum Sommet sot de Premier Xavier Bettel, dass de Fall vun der Credit Suisse géing weisen, dass eng gewësse Fragilitéit do wier. D’Reegelen, déi sech d’EU ginn huet, géingen den Ament awer weisen, dass eng Stabilitéit ka gehale ginn. Dat géing och fir déi Lëtzebuerger Bankeplaz gëllen. Wann awer eng weltwäit Bankekris géing kommen, dann hätt dat och Konsequenze fir de Grand-Duché.

Konkret Froen un d'Christine Lagarde hätt hien net, esou de Lëtzebuerger Premier virum Treffen. Hien hätt geléiert, fir d’éischt nozelauschteren an da Froen ze stellen.

En Donneschdeg gouf iwwer d'Energieversuergung beroden. An enger gemeinsamer Deklaratioun heescht et, dass fir de nächste Wanter sollt virgesuergt ginn, och wann d'Situatioun aktuell besser wier, wéi nach de leschten Hierscht.

D'Entreprise si weiderhin dozou opgeruff d'Plattform ze notzen, mat där d'EU-Länner zesumme Gas akafen. D'Kafkraaft vun der EU soll fir niddreg Präisser suergen, wa jiddereen un engem Strang zitt.