Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Europa-Sommet: Xavier Bettel: "D'Solidaritéit ass grouss mat der Ukrain"

An der Prager Buerg hu sech en Donneschdegmëtteg ganzer 44 Staats- a Regierungscheffe Rendez-vous ginn.

Breet Äntwerte fir de Kontinent sichen, dat gouf gemaach an d'Klima an den Aarbechtsgruppe war excellent. Dat war déi éischt Impressioun vum Premier Xavier Bettel nom éischten Echange am Kader vun der „Europäescher Politescher Gemeinschaft". Present waren nieft den EU-Staaten och zum Beispill Groussbritannien, d'Tierkei an nach eng Rei Balkanlänner.

D'Initiativ fir dësen neie Forum koum vum franséische President Emmanuel Macron. Op der Agenda stoungen ënner anerem den Ukrain-Krich, d'Energiekris an d'Inflatioun. Konkret Konklusioune goufen et am fréien Owend nach keng. Et ass och keng offiziell Ofschlossdeklaratioun virgesinn.

Een Zil vun dëser Mammut-Reunioun ass et mat Sécherheet awer och, fir e symbolesche Message a Richtung Moskau ze schécken. De Xavier Bettel hat op alle Fall den Androck, datt beim Thema Ukrain en Donneschdegmëtteg zu Prag un engem Strang gezu gouf.

E Freideg sinn zu Prag déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen am gewinnte Format fir en informelle Sommet beieneen.