© AFP Archivbild
Op d'mannst 16 Mënschen hu bei enger Explosioun an enger Koranschoul am Norde vun Afghanistan hiert Liewe verluer.
Dat sot en Dokter am Spidol vun der Haaptstad an der Provënz Samangan géigeniwwer der AFP. Op d'mannst 24 Leit wiere blesséiert ginn. D'Affer wieren all Kanner a gewéinlech Leit, sou den Dokter. D'Taliban schwätze vun 10 Schüler, déi gestuerwe wieren. Zanter datt d'Taliban am August dëst Joer d'Muecht am Afghanistan iwwerholl hunn, ginn et ëmmer nees Attacken op Zivilisten, déi meeschtens vun der Terrormiliz Islamesche Staat revendiquéiert ginn.