Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

FIA Autocross-EM: De Lëtzebuerger Kevin Peters ass neien Europameeschter

E Sonndeg konnt de Kevin Peters sech zwou Coursse viru Schluss schonn den Europameeschtertitel an der Kategorie Buggy 1600 sécheren.

Laang huet de Kevin Peters op dat Zil higeschafft, elo am Joer 2022 ass et endlech Realitéit ginn. Hie konnt sech mat enger zweeter Plaz beim 8. Laf vun der Autocross-EM am franséischen Saint Igny de Vers fréizäiteg den Europameeschtertitel an der Kategorie Buggy 1600 sécheren.

Am Joren 2014 an 2018 war et jeeweils schonn eng zweete Plaz an der EM, ma elo huet et da geklappt mat der Victoire. D'Erliichtung no der Arrivée e Sonndeg war deementspriechend grouss an hien hat souwuel seng Fra, wéi och seng Kanner bei sech, fir dësen Titel ze feieren.

Et bleiwen elo nach 2 Courssen ze fueren, dat zu Maggiora an Italien an zu Mollerussa a Spuenien.