Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

FLBB-Verbandsgeriicht: Nach keng Decisioun, wéi et mam Damme-Match Diddeleng - Gréngewald weidergeet

Et läit eng Propos um Dësch, déi vum Gréngewald awer nach am Comité soll diskutéiert ginn. Dowéinst gouf eng Suspensioun vun 48 Stonnen decidéiert.

Um Mëttwoch den Owend souzen déi Responsabel vum T71 Diddeleng, dem Gréngewald, der Basket Federatioun an dem Tribunal vum Verband zesummen, fir ze kucken, wéi eng Decisioun ee kéint huele wéinst dem Match vun den Dammen an der Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg.

Deen ass, nodeems festgestallt gouf, datt Diddeleng um Enn vum Match zwee Punkten ze vill um Konnt hat, zugonschte vum Gréngewald ausgaangen. Doropshin huet Diddeleng Protest ageluecht.

Elo ass awer nach keng Decisioun geholl ginn, wéi de Match schlussendlech soll gewäert ginn. Et gouf vun der FLBB proposéiert, fir de Match nei ze spillen. Déi Propos gouf och vum Tribunal ugeholl an den Diddelenger Club war domadder averstanen. D'Vertrieder vum Gréngewald wëllen awer fir d'Éischt mat hirem Comité schwätzen.

Elo ass eng Suspensioun vun 48 Stonne decidéiert ginn. Gi béid Veräiner sech net eens, dann hëlt den Tribunal eng Decisioun.

De President vun der FLBB Samy Picard huet no der Reunioun gesot, datt et an dësem Dossier kee Gewënner gëtt. Weeder den  T71, nach de Gréngewald an och net d'FLBB.