Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fokus: Budget dierft net mat der Géisskan verdeelt ginn

Virsiichteg a responsabel Budgetspolitik géif bedeiten, datt een elo net géif d'Strenz huelen.

Där Meenung ass Fokus, wéi d'Partei op enger Pressekonferenz ënnerstrach huet.

Se hat et do besonnesch op d'DP an hir Finanzministesch Yuriko Backes sëtzen, well déi der Meenung ass, datt et 500 Milliounen Euro Sputt gëtt fir Steiererliichterungen.

Fokus/Reportage Dany Rasqué

Fokus gesäit dat anescht an och déi Liberal missten dat och gesinn, mä do wieren d'Radare mat Walplakater iwwerpecht, fäert op alle Fall de Parteispriecher Frank Engel, deen eng aner Definitioun vu Sputt huet. Et wiere keng 500 Milliounen do, fir am Superwaljoer ze verdeelen, mä et géif eng hallef Milliard manner an der Staatskeess feelen.

D'Manéier, wéi d'Koalitiounspartner op d'Annonce vun de geplangte Steiererliichterunge reagéiert hunn, léisst de Frank Engel zur Conclusioun kommen, datt déi net am Regierungsrot ofgeschwat waren.

"D'Madamm Backes war der Meenung, et wier hiert Departement an et wier hiert Geld. Ech kann dozou zwar just soen, ni huet e Finanzminister gemengt, et wier säi Geld ganz eleng. Besonnesch wann et geléint war. Dat gëtt et fir d'alleréischt mat der Madamm Backes. Dat ass déi mam Harakiri. Déi huet dat dote bis haut ni duerch e Regierungsrot bruecht an hir Koalitiounspartner sinn net frou. Aus verständleche Grënn, well déi raisonéiere warscheinlech genau d'selwecht wéi mir et och maachen."

Wann ee senger Liewen eng hallef Milliard hätt, seet de Frank Engel, misst een aner Saachen domadder maache wéi se einfach esou ënnert d'Leit ze bréngen. De Steierbarème un d'Inflatioun upassen zum Beispill. Do huet d'Regierung jo bis elo ëmmer e Käschtepunkt vu 600 Milliounen Euro genannt.

"Dee ganze pathetesche larmoyanten Duktus vun der Madamm Backes, deen domadder ze dinn huet, datt mer just 500 Milliounen hunn a keng 600. Entschëllegt, mä bei engem Budget vu 27 Milliarden huet een och 600 Milliounen, wann een der 500 huet."

Mat enger hallwer Milliard, heescht et vu Fokus, hätt een och esou Munches kéinte maachen, fir d'Logementskris an de Grëff ze kréien.

D'Propose vu Fokus, fir eng Logementsoffensiv am Grand-Duché ze maachen, waren de Weekend och Deel vum Sonndesinterview mam Frank Engel op RTL.lu.