Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Fondatioun IDEA: An Zukunft wäert hei am Land méi gelount ginn

D’Offer um Wunnmarché muss ausgebaut ginn, dat ass eppes, wat dacks als Léisung vun der ugespaanter Logementssituatioun genannt gëtt.

Hei am Land soll an Zukunft awer virun allem de Locatiounsmaart erweidert ginn. Dat net nëmmen am abordabele Secteur, fënnt d’Fondatioun IDEA an hirer leschter Publikatioun. Ma dofir misste souwuel déi ëffentlech, wéi och déi privat Acteuren zesummeschaffen. D’Analys vun der Fondatioun IDEA ass en Vue vun de Logementsassisen den 22. Februar ausgeschafft ginn.

Zum Beispill kéinten dem Auteur vum Rapport Michel-Edouard Ruben no verschidde Steiervirdeeler nees agefouert ginn, fir dass méi a Locatiounswunnengen investéiert ginn. Esou dass d'Investisseure souzesoen gehollef kréien, fir dass de Locatairen da mat manner héije Loyeren och gehollef gëtt. Den Ekonomist vun der Fondatioun IDEA betount nämlech, dass déi staatlech Hëllefe fir d’Investisseuren u kloer Konditioune sollte geknäppt sinn. Beispillsweis, dass de Loyer da fir eng Zäit gedeckelt gëtt, esou dass Menage mat manner finanzielle Méiglechkeeten eng gréisser Offer u Locatiounswunnengen hunn. Doriwwer eraus wieren d’Loyeren da méi abordabel. An et géing een net de Risiko agoen, dass et u Wunnraum feelt, well net genuch gebaut an investéiert gëtt.

Net nëmme Locatioun, mä och Proprietéit promouvéieren

Op der anerer Säit kéint och de Proprietäre gehollef ginn, déi kafen, fir selwer dran ze wunnen. Den Ekonomist Michel-Edouard Ruben huet do d’Iddi genannt, déi an Holland schonn applizéiert gëtt, nämlech dass Leit ënner 35 Joer keen Enregistrement bezuelen.

Dass d'Immobiliëpräisser massiv falen, wier dem Auteur vum Rapport no net wënschenswäert. An zwar, well ee dann net – wéi elo – eng Logementskris, mä eng Immobiliëkris hätt. De Gedanken, dass d’Immobiliëpräisser solle falen, fir d'Kafkraaft vun de Leit bäizebehalen, wier, wéi wann eng Persoun, déi ofhuele wëll, sech en Aarm oftrennt, vergläicht den Michel-Edouard Ruben. Wann d’Präisser Trimester no Trimester erofginn, wier dat keen Ureiz fir d’Investisseuren, wat dann och bei der Offer net hëllefe géing. D'Präisser ëm zum Beispill 40 Prozenter fale loossen, wier eng Politik, déi dowéinst net ubruecht wier. Dogéint misst een ugoen. Wann et un Offer feelt, géing Lëtzebuerg och un Attraktivitéit verléieren fir Leit, déi wëllen heihinner schaffe kommen. Et bréicht een dowéinst attraktiven an awer och bezuelbare Logement. An deem Fall dann an der Locatioun.

Laangfristeg bréicht d’Politik nei Objektiver

Et gëtt net déi eng Léisung, fir d'Logementskris an de Grëff ze kréien. Et wier éischter eng Mëschung u Mesurë néideg a virun allem, sollten déi verschidden Acteure vum privaten an dem ëffentleche Secteur vill méi zesummeschaffen, fir notamment laangfristeg Ännerungen. Den Ekonomist Michel-Edouard Ruben stellt sech fir, dass eng Allianz tëscht den ënnerschiddlechen Acteuren aus dem privaten an ëffentleche Secteur gemaach gëtt. Et sollten dann och nei Objektiver definéiert ginn, fir ze kucken, wie wat ëmsetze muss, fir dass d’Zil um Enn erreecht gëtt. An d'Zil wier, esou op d'mannst dem Ekonomist vun der Fondatioun IDEA no méi an d'Locatioun ze setzen. Esouwuel um ëffentleche Marché, wéi och um privaten.