Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Formel 1: De Ross Brawn demissionéiert als Directeur sportif

De Ross Brawn war zanter 2017 Directeur sportif vun der Formel 1, dat nodeems d'Amerikaner vu Liberty Media d'F1 iwwerholl haten.

Elo mat 68 Joer wier de Moment fir hie komm, fir d'Pensioun ze huelen a sech senger anerer Passioun ze widmen, dem Fëschen. Fir 2026 kënnt en neit Reglement an der Kinneksklass vum Automobilsport, an dofir wier et senger Meenung no gutt, wann elo aner Leit sech där Aufgab géifen unhuelen.

Hie géif d'Formel 1 an enger exzellenter Situatioun hannerloossen an en hätt all Minutt vu senger 46-Joer-laanger Karriär genoss. An Zukunft géif hien d'Formel 1 vum Canapé aus als Fan kucken, esou de britteschen Ingenieur.

Hie war vun 1992 bis 1996 Techneschen Direkter bei Benetton, a vun 1997 bis 2006 bei Ferrari, wou en dann och mam Michael Schumacher zesummegeschafft huet.
Duerno ass hie Proprietär gi vun der Ecurie Brawn GP, nodeems en BAR-Honda iwwerholl huet, mat där hien direkt am 1. Joer 2009 de Weltmeeschtertitel mam Jenson Button gewanne konnt.

De Brawn huet d'Ecurie duerno u Mercedes verkaf, wouduerch déi hire Comeback an der Formel 1 gefeiert hunn. 2013 huet e sech dunn awer lues awer sécher aus dem operative Geschäft zeréckgezunn, ee Joer éier de Lewis Hamilton eng éischte Kéier mat Mercedes Weltmeeschter ginn ass.

En Numm vun engem Successeur als Directeur sportif gouf bis elo nach net genannt.