Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Formel 1: Ferrari akzeptéiert Récktrëtt vum Teamchef Mattia Binotto

Den Italiener huet schwéieren Häerzens d'Decisioun geholl, seng Zesummenaarbecht mat Ferrari op den 31. Dezember ze stoppen.

Hie géif e Betrib verloossen, mat deem hien immens vill frou wier, an deem hien zanter 28 Joer aktiv war. Hien hätt d'Gewëssheet, dass hien alles gemaach hätt, fir déi gesaten Ziler z'erreechen. D'Team wier staark a bereet, déi héchsten Ziler z'erreechen. De Binotto wënscht Ferrari dann och alles Guddes fir d'Zukunft.

E wier der Meenung, dass et richteg wier dee Schratt elo ze maachen, och wann d'Decisioun him immens schwéier gefall wier. E grousse Merci geet um Enn dann nach all d'Leit am Sportmanagement, déi dee Wee mat him gedeelt hunn, dee mat Schwieregkeeten, awer och mat grousser Zefriddenheet gepräägt war.

Elo heescht et fir Ferrari en neien Teamchef ze fannen. Dat wëll een nach virum Enn vum Joer iwwert d'Bün bréngen.