Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Formel 1: Haas huet als éischt Ecurie den Design fir déi nei Saison virgestallt

D'Faarwe Rout, Wäiss a Schwaarz dominéieren um VF-23. Bei Haas fueren den Dän Kevin Magnussen an den Däitsche Nico Hülkenberg.

D‘MoneyGram Haas F1 Team, wéi d‘amerikanesch Formel 1 Ecurie Haas dës Saison heescht, huet als éischt Equipe den Design vun hirem Auto fir déi nei Saison virgestallt. De VF-23 vun de Piloten Kevin Magnussen an Nico Hülkenberg huet vill Schwaarz op de Säitekëschten. D‘Nues an de Cockpit sinn wäiss. Op de rouden Front an Heck-Flilleken sinn den Titelsponsor (MoneyGram ass eng Firma fir weltwäit Online Geldtransferten ze maachen) respektiv den Numm vum Teambesëtzer ze gesinn. Als nächst Ecurie stellt Red Bull hiren neien Design e Freideg vir.

RTL

© MoneyGram Haas F1 Team

Déi nei Formel 1 Saison fänkt de Weekend vum 5. Mäerz mam Grousse Präis vum Bahrain un. D‘Kinneksklass aus dem Automobilsport kënnt dir och dëst Joer nees Live op RTL Tëlee Lëtzebuerg an um Internet op rtl.lu an op rtlplay suivéieren.