© AFP
Wéi d'Formel 1 mellt, wäerten et an der nächster Saison nees méi Sprint-Weekender ginn. Domadder ginn déi klassesch Formel-1-Weekender ëmmer méi rar.
Dëst Joer goufen et dräi esou Sprint-Evenementer an der Kinneksklass vum Automobilsport. Op engem Sprint-Weekend ass d‘Qualifikatioun freides, eng Sprintcourse iwwer ronn 100 Kilometer samschdes a sonndes da wéi gewinnt de "Grand Prix".
Wéi eng Grouss Präisser dat d'nächst Saison sinn, gëtt nach matgedeelt. Dëst Joer ass elo nach a Brasilien e Sprint. Dat Format vum Sprint-Weekend gëtt et eréischt zanter dem leschte Joer a kënnt, wéi déi Responsabel vun der Formel 1 soen, ganz gutt bei alle Concernéierten un.