Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frankräich: 170 Festnamen zu Paräis, zouen Tankstellen a verschiddenen Departementer

A Frankräich waren d'Protester géint déi geplangte Pensiounsreform e Méindeg den Owend op en Neits eskaléiert.

Virdrun hat déi franséisch Premierministesch Elisabeth Borne zwee Mësstrauensvotten an der Assemblée nationale iwwerstanen.
Op verschiddene Plazen zu Paräis haten d'Demonstrante sech doropshi mat der Police ugeluecht a Poubellen ugefangen. Eng 170 Persoune goufe festgeholl. D'Gewerkschaften hu fir en Donneschdeg zu engem weideren nationale Streikdag opgeruff.

Iwwerdeems gëtt d'Tanken a verschiddenen Departementer schwiereg. Am Bouches-du-Rhône, also ronderëm Marseille  an Aix-en-Provence bloufen e Méindeg en Drëttel vun den Tankstellen zou. Dat well och an de Raffinerie géint d'Reform vum Pensiounssystem gestreikt gëtt.

Dës muss iwwerdeems nëmmen nach vum President Macron ratifizéiert ginn, fir a Kraaft ze trieden.