Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frankräich: 2022 ass dat wäermste Joer zanter Ufank vun den Opzeechnungen

2022 ass a Frankräich elo schonn dat wäermste Joer zanter deem an eisem Nopeschland Temperature gemooss ginn.

Dat huet de franséische Wiederdéngscht e Mëttwoch matgedeelt. Deemno wier, mat Ausnam vum Januar a vum Abrëll, all Mount méi waarm gewiescht, ewéi dat normalerweis de Fall ass.

Estimatiounen no, soll d'Duerchschnëttstemperatur dëst Joer a Frankräich bei tëscht 14,2 a 14,6 Grad Celsius leien. Beim leschte Rekord am Joer 2020 louch se bei 14.07 Grad.

Ausserdeem erwaart de franséische Wiederdéngscht, dass um Enn vum Joer 25 Prozent manner Reen wäert gefall sinn, wéi dat normalerweis bannent engem Joer a Frankräich de Fall ass.

Tëscht Mee an Oktober war et a Frankräich zu enger Partie Hëtztwelle komm, déi deelweis vu Bëschbränn begleet goufen.

Och zu Lëtzebuerg waren d'Summerméint Meteolux no dëst Joer esou waarm an esou dréchen ewéi nach ni.