Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frankräich: Entscheedungsfräiheet vu Frae bei Ofdreiwung soll a Verfassung verankert ginn

RTL

Schonn am November 2022 hat schonn an der franséischer Nationalversammlung am 1. Vott eng kloer Majoritéit sech fir dëse Gesetzesentworf ausgeschwat. 337 Deputéierten haten dofir gestëmmt, 32 dogéint. Virum Parlament hate sech Leit versammelt, déi vir dëst Gesetz sinn. / © AFP

De franséische Senat huet de Wee fräigemaach, datt d'Entscheedungsfräiheet vu Frae fir en Avortement an d'Verfassung verankert gëtt.

E Mëttwoch den Owend gouf en entspriechende Gesetzesentworf guttgeheescht. Déi lénk Oppositioun huet vun enger historescher Victoire geschwat a vun engem grousse Fortschrëtt fir d'Rechter vun de Fraen. D'konservativ Oppositioun hat majoritär dogéint gestëmmt.

Bis et tatsächlech zu enger Ännerung an der Verfassung kënnt, ass allerdéngs nach e laange Wee. Den Text muss vum Parlament accordéiert an dono muss och nach e Referendum organiséiert ginn.