Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Frankräich: Fliger zu Montpellier lant am Weier - keng Blesséierter

Um Aéroport de Montpellier Méditerranée sinn de Weekend eng sëllege Flich ausgefall - dat aus engem éischter ongewéinleche Grond.

An der Nuecht op e e Samschdeg ass d'Landung vun enger Boeing 737 vun der schwedescher Airline West Atlantic mëssgléckt.

Bei der Landung ass de Fliger mat der Nues no vir an engem Weier gelant. Vun den dräi Leit u Bord - dem Pilot, dem Kopilot an engem Mecanicien - gouf kee blesséiert. De Fluchhafe misst awer bis op Weideres zougemaach ginn.

Firwat de Cargo-Fliger, dee vum Paräisser Fluchhafe Charles de Gaulle geflu koum, aus der Bunn geroden ass, ass nach net gekläert. Ee Grond kéinten awer méi staark Wandstéiss sinn, déi d'Maschinn bei der Descente aus der Balance kéinte bruecht hunn. Eng Enquête soll elo déi konkret Ëmstänn vum Accident klären.

E Sonndeg soll de Fliger, deen eng 90 Tonne weit, aus dem Waasser gezu ginn.