Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Froekatalog virun de Walen: "Eran, Eraus... an elo?": Parteie si "fir e Code du travail fir d'Prisonéier"

Froekatalog virun de Walen

Wéi gesinn d'Propositioune vun de verschiddene Parteien aus, fir d'Rechter vu Prisonéier ze schützen?

D'Associatioun "Eran, Eraus... an elo?" huet e Froekatalog un déi siwe Parteie geschéckt, déi bei de leschte Walen an d’Chamber gewielt goufen.

Wann een d'Äntwerte vun de Parteie kucke géing, géingen et wuel grouss Ännerunge ginn. D'Associatioun begréisst notamment, datt all d'Parteien dofir sinn, fir e Code du travail fir d'Prisonéier anzeféieren an dofir, dass e Riichter an net méi de Parquet iwwert d'Exekutioun vun de Strofen decidéiere soll.

D'Comparution immédiate, déi d'CSV an d'DP an de leschte Woche gefuerdert hunn, kënnt an de Froen net vir. Dat wier virun enger Rei Méint, wéi een d'Froen ausgeschafft an Entrevuë mat de Parteien hat, nach iwwerhaapt keen Thema gewiescht. D'Associatioun ass géint dës Prozedur, kritiséiert allerdéngs d'Delaie vun der Untersuchungshaft, sou den Tresorier Gregory Fonseca.

"D'Leit sëtzen zu Lëtzebuerg ze laang an Untersuchungshaft, wat e Riseproblem ass a wat de Steierzueler enorm Sue kascht. A wat och rechtlech gesinn, immens vill Froen opstellt, well dat sinn Personnes présumées innoncentes, dat sinn onschëlleg Leit. Et ass een esou laang onschëlleg bis e rechtlech etabléiert Geriicht de Géigendeel beweist."

D'Alternativen zu der Untersuchungshaft, déi et scho ginn, missten iwwerdeems méi agesat ginn.