En Donneschdeg den Owend war den Tirage vun de 1/16tels-Finallen an der Coupe de Luxembourg am Futtball.
Hei kënnt et ënnert anerem zu de Matcher Nidderkuer géint Kanech, Monnerech géint Rouspert, Jeunesse Esch géint Wolz oder och nach Etzella Ettelbréck géint Péiteng. D'Matcher sollen den 30. Oktober gespillt ginn.
All d'Matcher am Iwwerbléck:
Nidderkuer - Käerjeng
Pafendall-Weimerskirch - Hesper
Monnerech - Rouspert
Jeunesse - Wolz
Cebra - Stroossen
Etzella - Péiteng
Beetebuerg - Diddeleng
Iechternach - Munneref
Feelen - Berbuerg
Rëmeleng - Schieren
Gréiwemaacher - Déifferdeng 03
Mamer - Hueschtert
Schengen - Fola
Miedernach - Luxembourg City
Menster - Miersch
Beggen - Racing