Beim Optakt vum zweete Spilldag an der Grupp E konnt sech Costa Rica déi éischt dräi Punkte sécheren.
Grupp E
An den éischte 45 Minutte gouf et net vill Highlights an der éischter Partie vum Sonndeg. Costa Rica hat liicht méi Ballbesëtz a méi Ofschlëss, ma weder si nach d'Japaner hunn de Ball iwwerhaapt emol op de Gol kritt. Déi zweet Hallschent huet Japan sech gerappt an d'Kontroll vum Spill iwwerholl a si haten doduerch och däitlech méi Schëss. Ma den 1:0 koum net vun hinnen, mä vum éischte geféierleche Schoss vu Costa Rica op de japanesche Gol an dësem Match. Et war de Fuller, deen an der 81. Minutt säi Land a Féierung bruecht huet. Japan sollt an de leschte Minutten dëst net méi kënnen dréinen an esou mécht Costa Rica d'Grupp E emol virleefeg ganz spannend.
Spuenien - Däitschland (20h00)
Grupp F
Belsch - Marokko (14h00)
Kroatien - Kanada (17h00)