Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Futtball-WM 2022: Kroatien klappt Japan am Eelefmeterschéissen

E Méindeg stounge sech an der Aachtelsfinall vun der Futtball-WM am Katar, Japan a Kroatien an enger intensiver Partie géigeniwwer.

Vizeweltmeeschter Kroatien konnt sech am éischten Eelefmeterschéisse vum Turnéier géint Japan duerchsetzen a réckelt domat weider an d'Véierelsfinall.

De Resumé

D'Japaner hu géint de Vizeweltmeeschter couragéiert lassgeluecht. Schonn no 3 Minutten ass eng Flank vum Wataru Endo op de Shogo Taniguchi gaangen, dee sech géint de Josko Gvardiol duerchsetze konnt an de Ball nëmme knapp iwwert déi kroatesch Këscht gekäppt huet. Am weidere Verlaf vun der 1. Hallschent konnte béid Ekippen ofwiesselend den Drock openeen erhéijen, d'Defensen hunn allerdéngs op deenen zwou Säite wéineg zougelooss, ier du kuerz virun der Paus d'"Samurai Blue" ëmmer méi geféierlech gi sinn a sech an der 43. Minutt mat engem Gol vum Daizen Maeda beloune konnten.

Wärend déi 2. Hallschent mat vill hin an hier lassgaangen ass, awer keng Ekipp sou richteg geféierlech konnt ginn, koum an der 55. Minutt wéi aus dem Näischt den Ausgläich fir d'Kroaten: Eng Flank vum Dejan Lovren konnt den Ivan Perisic aus gutt 13 Meter an den ënneschte rietsen Eck käppen. D'Japaner hu sech heivunner awer net beandrocke gelooss an nëmmen 2 Minutten duerno misst den Dominik Livakovic e Schoss vum Endo aus 22 Meter iwwert d'Lat lenken. Am weidere Spillverlaf konnten d'Kroaten ënnert dem Zlatko Dalic de Match kontrolléieren, besonnesch vill ass allerdéngs vu kenger Ekipp méi komm, sou dass et an déi éischt Verlängerung vum Tournoi gaangen ass.

Bis op e kräftege Schoss aus 20 Meter vum Kaoru Mitoma an der 105. Minutt, deen de Livakovic paréiere konnt, ass an dëser awer och nëmme wéineg geschitt. D'Kroaten hunn Drock gemaach, mä géint d'Japaner gouf et keen Duerchkommen. D'Decisioun huet also missen am Eelefmeterschéisse falen, wou d'Kroate sech no 3 staarke Parade vum Livakovic duerchsetze konnten.

RTL