Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Géint illegal Migratioun virgoen: Asylreegelen an Europa gi verschäerft

No jorelaangen Diskussiounen si sech d'EU-Memberstaaten en Donneschdeg den Owend hei zu Lëtzebuerg eens ginn: d'Asyl-Prozedur gëtt däitlech méi streng.

Wann een aus engem soi-disant "séchere" Land kënnt, soll een an Zukunft, nodeems een iwwer d’EU-Grenz komm ass, an enger Zort Prisong festgehalen a virkontrolléiert ginn. Bannent 12 Woche soll gepréift ginn, ob ee Chancen op Asyl huet. Wann net, gëtt deejéinegen direkt a säi Land zréckgeschéckt. Dat haten virun allem Länner gefuerdert, déi staark vun illegaler Zouwanderung betraff sinn, wéi Griichenland, Italien a Bulgarien, mä och Polen, Ungarn an Éisträich hu sech derfir ausgeschwat.
D’Majoritéit vun de Flüchtlingen, zum Beispill aus Syrien, Afghanistan an dem Sudan, soll weider d’Recht op eng normal Prozedur hunn.

Fir Famillje mat Kanner ginn et keng extra Reegelen, sou wéi Däitschland, Irland, Portugal an och Lëtzebuerg dat gefuerdert haten. An engem Communiqué vu en Donneschdeg den Owend gëtt de Jean Asselborn zitéiert, dass et fir hien ganz schwiereg z’acceptéieren wier, dass esou eng Reegelung net direkt festgehale gi wier.

An Zukunft soll et och méi Solidaritéit ënnert den EU-Länner ginn. Wann een als Land keng Flüchtlinge wëll ophuelen, kann ee sech "fräi kafen" mat 20.000 Euro pro Demandeur d’Asyl.

De ganze Pak geet elo dann an d’Europaparlament, wou d’Verhandlunge bis Enn des Joers sollen ofgeschloss sinn. Geschitt dat net, wäert dat Ganzt net virun de nächsten Europawalen am Juni 2024 a Kraaft trieden, an da kéinten nei politesch Konstellatiounen nei Verhandlungen néideg maachen.