Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Gesondheetskeess: D'Digitalisatioun vun der Securité sociale wier eng "kleng Revolutioun"

'T ass eng kleng Revolutioun fir d'CNS, well déi gesamt Informatik huet mussen geännert ginn, fir dass de Paiement immédiat direct kann fonctionéieren.

Dat huet de President vun der Gesondheetskeess, de Christian Oberlé en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz iwwer d‘Digitalisatioun vun der Securité Sociale gesot. Vill Kontrollen, déi ee soss just hätt kënnen „am Nachhinein“ maachen, kéint een elo schonn am Virfeld duerchféieren. Dovunner kéinten duerno vill Servicer profitéieren, erkläert den Christian Oberlé: "De PID wéi mir en haut presentéiert hunn, ass eng Pièce maîtresse, mee 't ass eng Pièce vun engem ganze Circuit de digitalisation, wou mer mussen grad esou gutt d‘Patienten wéi och d‘Dokteren an déi aner Professionnels de santé motivéiert kréien, dat dann och ze benotzen. Sou wéi eng Passerelle och just fonctionéiert, wann d‘Vëlosweeër bei d‘Passerelle féieren. Sou muss d‘CNS elo nach déi Vëlosweeër kreéieren an se attraktiv maachen, sou dass eis Cyclisten drop fueren."

De President vun der Gesondheetskeess, de Christian Oberlé

D‘Dokteren ginn an enger Kéier- an och direkt rembourséiert, präziséiert de President vun der CNS. Donieft goufen et de Moien och nach Informatiounen iwwer den DSP, den „dossier de soins partagés“ den elo jorelaang net wierklech weiderkomm ass.

De Marc Hostert, President vun der Agence eSanté: "Éischtens  ass den DSP eréischt voll operativ zanter 2 Joer. Déi lescht Méint  huet d‘Utilisatioun souwuel bei den professionels de santé zougeholl, wéi och bei de Patienten déi hiren Kont notzen. Et muss een awer och wëssen, dass haaptsächlech Leit mat chronesche Krankheeten op den DSP ginn. Dat sinn net déi Gesond. Dat heescht do muss een och eng Abstraktioun maachen bei der Interpretatioun. Jiddereen huet en Kont DSP. Op en en brauch, och well e  krank ass, dat ass eng aner Fro. Mä d‘Tendenzen ginn op 2 Säiten no uewen."

De Marc Hostert, President vun der Agence eSanté

Op alle Fall géing ee versichen, den DSP nach méi attraktiv ze maachen, sou den Marc Hostert. De komplette Reportage iwwer déi digital Servicer vun der Santé gesitt der den Owend  am Journal op der Télé.