Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Get the job done": President Biden hält kämpferesch Ried zur Lag vun der Natioun

Déi amerikanesch Demokratie ass nach ëmmer net gebrach, an dat wäert se och net ginn.

Dat war eng vun den zentralen Aussoen an der Ried zur Lag vun der Natioun vum US-President Joe Biden virum Kongress zu Washington, déi hien an der Nuecht op e Mëttwoch eiser Zäit gehalen huet.

Virun zwee Joer hätt d'Demokratie virun der gréisster Gefor zanter dem Biergerkrich gestanen, sot hien mat Bléck op de Stuerm op d'Kapitol am Januar 2021. Ma si wier mat bloen Flecken ewechkomm an weider ongebrach.

Déi ganz Ried kënnt Dir hei kucken:

An de leschten zwee Joer wieren iwwerdeems an den USA 12 Milliounen nei Aarbechtsplazen geschaaft ginn, déi ekonomesch Situatioun wier haut exzellent.

Dofir huet hien un d'Republikaner appelléiert, zesummen ze schaffen, fir "the job done" ze kréien. Déi lafend Aarbecht am Representantenhaus dierft net blockéiert ginn. Sträit gëtt et do den Ament beispillsweis ëm déi sougenannten Scholden-Uewergrenz, déi de Biden gär wéilt héijen, fir weider de Sozial-System net mussen ze kierzen.

Un d'Ukrain war et d'Verspriechen vum Biden, dass ee Kiew esoulaang wäert ënnerstëtzen géint de russeschen Offensivkrich, wéi néideg.