Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Grouss ugeluecht Policekontroll: 5 presuméiert Drogendealer am Garer Quartier gepëtzt

Fir géint d'Drogekriminalitéit an d'illegal Immigratioun virzegoen, huet d'Police en Donneschdeg an der Stad eng grouss ugeluecht Kontroll organiséiert.

Tëscht 18 Auer a Mëtternuecht goufen an deem Kader 5 presuméiert Drogendealer erwëscht, déi op Uerder vum Parquet festgeholl goufen. E bësse méi wéi 1.000 Euro Boergeld souwéi 124 Kugele Kokain, dräi Handyen an eng kleng Quantitéit u Marihuana goufe séchergestallt a saiséiert.

Donieft koum eng Fra an de Passagearrest, nodeems si sech esou gestallt huet, datt d'Beamten op si opmierksam goufen a si sech wärend der Kontroll ëmmer méi aggressiv géigeniwwer de Beamte ginn ass.

Am Ganze 37 Polizisten zesumme mat zwee Drogenhënn ware bei der Kontroll dobäi.