© Frank Rosch
RTL-Informatiounen no hätt et e puer Explosioune ginn. D'Police wier och amgaangen, fir d'Ëmgéigend ëm d'Rue de la Brasserie ofzespären.
De Pompjeeën no gëtt et aktuell op der Plaz eng grouss Dampentwécklung, well d'Isolatioun brennt. D'Ekippe vum CGDIS ginn net dovunner aus, datt sech d'Feier op aner Gebaier géif ausbreeden, och géif keng Gefor fir d'Populatioun bestoen. Aktuell wieren eng 30 Pompjeeën am Asaz.
Schonn am Abrëll 2021 hat en anert Gebai vun der ale Gebai vun der Brauerei zu Dikrech scho gebrannt.