Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Grousse Streikdag a Frankräich: Nees Perturbatiounen am ëffentlechen Transport, och Linne mat Lëtzebuerg betraff

Dräi Deeg, nodeems d'Pensiounsreform duerch d'Parlament geboxt gouf, ass en Donneschdeg a Frankräich den 9. Streik- a Protestdag.

D'Gewerkschaften hunn derzou opgeruff, trotz oder grad well d'Pensiounsreform via Verfassungsrecht duerch dat franséischt Parlament geboxt gouf an d'Regierung an de President Macron och weider dru festhalen. D'Reform misst einfach sinn, well de System soss kollabéiert, huet den Emmanuel Macron e Mëttwoch nach eng Kéier an engem Tëlee-Interview betount.

Fir en Donneschdeg gi sech deemno Maniffen a Streiken uechter de ganzen Hexagon erwaart. Och den ëffentlechen Transport an de Fluchverkéier wäerten nees massiv betraff sinn. Fir den Zuch-Trafic gouf eng "Journée noire" virausgesot, bei de Flich rechent ee mat enger Annulatioun vu ronn engem Drëttel vun de Reesen.

Och verschidden Zuch-Linnen, déi tëscht Lëtzebuerg a Frankräich fueren, wäerte vun de Streike betraff sinn. D'Detailer iwwert d'Liaisounen tëscht Lonkech, Metz oder Diddenuewen mat der Stad ginn et um Site vun den CFL.

Donieft gëtt a Frankräich mat Demonstratiounen a Blockade vun Autobunnen a Pëtrolsdepote gerechent.

Am Tëlee-Interview e Mëttwoch huet de franséische President probéiert, déi ugespaant Situatioun ze berouegen. Et géif kee Spaass maachen, déi Reform duerchzesetzen. D'Reform wär kee Luxus a kee Pleséier, mä eng Noutwendegkeet fir d'Land. Wann een nach méi laang géif waarden, géif et ëmmer méi schlëmm ginn. Hie wëll also egal wéi un der Reform festhalen a géif a Kaf huelen, sech ganz onbeléift ze maachen, sou de Macron.