Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Haislech Gewalt - Deel 6: Täter ka just gehollef ginn, wann de Wëlle bei hinnen do ass

Den Täter kann als Eenzegen eppes änneren. Wéi Hëllef fir den Täter kann ausgesinn, hu mir beim Service "Riicht Eraus" vun der Croix-Rouge nogefrot.

Nodeems 2003 d’Gesetz iwwer d’Thema haislech Gewalt a Kraaft getrueden ass, an doduerch Wegweisunge vun den Täter méiglech gemaach gi sinn, ass 2004 de Service "Riicht Eraus" vun der Croix-Rouge mat Ënnerstëtzung vum deemolege Ministère fir Chancëgläichheet gegrënnt ginn. Dëst ass eng Ulafstell, wou mat den Täter vun haislecher Gewalt ka geschafft ginn.

Haislech Gewalt - Deel 6 / Reportage Sandra Mélan

Fir géint haislech Gewalt virzegoen, muss ebe mat den Täter geschafft ginn. Si sinn déi Eenzeg, déi eppes verännere kënnen. No jorelaanger Erfarung beim Service Riicht Eraus sinn d'Täter zu 90 Prozent Männer an zu 10 Prozent Fraen. Laurence Bouquet, d'Chargée de direction vum Service:

"Esou dass mer soen, d'Leit kënne sech änneren, dat ass mengen ech eppes ganz Wichteges. Si mussen awer sech dofir asetzen, dat ass net einfach. Keen huet Loscht iergendwou hin ze goen a sech als Täter duerzestellen, dat ass eppes wat mir net gäre maachen an dat ass awer immens wichteg ebe grad déi Positioun kënnen anzehuelen a Verantwortung z’iwwerhuelen. An da kann een och dorunner schaffen net méi gewalttäteg ze ginn."

E Véierels mécht deen Deel vun de Persounen aus, déi sech fräiwëlleg mellen, fir beim Riicht Eraus beroden ze ginn.

"Et ka jo och sinn, datt eng Persoun eis zougewise gëtt iwwert eng Wegweisung, also dee vun der Police doheem eraus gesat ginn ass fir 14 Deeg, deen dann op een obligatoresche Rendez-vous bei eis kënnt, deen awer dann aus fräie Stécker entscheet weider a Berodung ze kommen, well en accrochéiert huet, well e vläicht mierkt, dass dat him gutt deet iwwert dat Thema ze schwätzen an dee consideréiere mir dann ab dee Moment als fräiwëlleg. Et heescht, dass heiansdo och schwéier ze quantifizéieren duerch wéi een Zougang d'Leit zou eis fonnt hunn."

De Wëllen, fir net méi gewalttäteg ze ginn, ass d'Viraussetzung fir kënnen an dësem Service vun der Croix-Rouge gehollef ze kréien. Dëst gëllt net nëmme fir déi physesch Gewalt, mee och fir all aner Forme vu Gewalt, fir déi psychesch, déi finanziell an déi sexuell Gewalt. Laurence Bouquet:

"Et rutscht kengem d'Hand aus. Mir soen ëmmer dat ass een Akt, deen ee fräiwëlleg entscheet ze maachen. Dat ass heiansdo an engem Brochdeel vun enger Sekonn, wou een déi Entscheedung hëlt, mee et hëlt een déi Entscheedung. Et geschitt net einfach esou. An dat ass eppes wat ganz wichteg ass, esou laang ech net kann 100 Prozent soen 'Ech si verantwortlech fir dat, wat ech gemaach hunn', esou laang kann ech näischt änneren, well wann et deen aneren ass, dee mech provozéiert huet, wann et deen aneren ass, deen ugefaangen huet, jo da schieben ech d'Verantwortung op deen aneren of an da kann ech jo näischt dorunner änneren."

Wann d'Täter da bis déi Responsabilitéit iwwerholl hunn, da kréie se sech dacks motivéiert, fir sech weider hëllefen ze loossen an esou mat der Zäit och Erfollegserliefnisser ze hunn. Sechs Méint musse se reegelméisseg an de Riichteraus an d'Berodung goen, fir datt déi positiv Changementer och vun Dauer sinn. D'Diere stinn duerno och nach ëmmer op fir dës Clienten. Wa si Problemer hunn, mat deene si net eens ginn, da solle si sech och erëm bei hirem Beroder mellen. Dëst léiwer ze fréi wéi ze spéit.

Am Service Riichteraus ass et d'Zil, d'Täter z’ënnerstëtzen a se net als Mënsch ze verurteelen.