Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handball-Championnat: Rëmeleng mat Last-Second-Victoire zu Miersch

Käerjeng wënnt eng serréiert Partie géint d'Red Boys a bleift wéi de Champion Esch an dëser Saison ongeschloen.

Axa League Hären

De Spilldag gouf mam Match tëscht Miersch a Rëmeleng clôturéiert, wou Rëmeleng sech a leschter Sekonn mat duerchsetze konnt. Et war iwwer wäit Strecken eng ganz serréiert Partie an der Mierscher Sportshal an et hat ausgesinn, wéi wann d'Heemekipp sech virun der Paus kéint ofsetzen; no 22 Minutte stoung et 15:10. Rëmeleng huet sech awer zeréckgekämpft a konnt souguer mat engem 17:16-Avantage an d'Paus goen. No der Paus huet Rëmeleng laang Zäit wéi de klore Gewënner ausgesinn (32:25 no 50 Minutten), mee Miersch ass lues a lues nees zeréckkomm, sou dass et mat 35:35 an déi lescht Minutt goung, an där d'Ekipp aus dem Minette den decisive Gol markéiere konnt. Op Mierscher Säit huet den Alexandros Vasilakis 11 Goler markéiert, wärend de Kevin Auger fir Rëmeleng 10 Goler geschoss huet.

Am Spëtzematch vum 5. Spilldag hu sech Käerjeng an d'Red Boys eng serréiert Partie geliwwert. Dat bessert Enn hat Käerjeng fir sech a gewënnt mat 24:22. An den éischten 30 Minutten huet d'Féierung tëscht béiden Ekippen e puer Mol gewiesselt. Eng gréisser Avance konnt kee sech erausspillen, sou datt et beim Stand vun 12:11 aus Siicht vun de Käerjenger an d'Paus gaangen ass. An der zweeter Hallschent hunn d'Red Boys dunn awer séier d'Féierung iwwerholl a konnte sech tëschenduerch eng Avance vun 3 Goler erausspillen. Déi Käerjenger hu sech deels am Ugrëff schwéier gedoen, ma 12 Minutte viru Schluss konnt een ausgläichen an dunn no 49 Minutte mat 21:20 a Féierung goen. Bis zum Schluss huet d'Lokalekipp d'Féierung net méi aus der Hand ginn. Déi Déifferdenger hu keng Solutioune méi fonnt, sou datt si de Match mat 22:24 um Enn verluer hunn. Fir d'Red Boys ass et déi éischt Néierlag an dëser Saison. Käerjeng bleift dogéint ongeschloen. Op Säite vun der Gewënnerekipp war den Zekan mat 7 Goler de beschte Buteur. Ma och de Golkipp Van-Zeller huet e groussen Undeel un der Victoire.

De Champion Esch bleift an dëser Saison och ongeschloen. Géint de Chev Dikrech war d'

Keng Chance huet Diddeleng dem Standard gelooss. Schonn no 30 Minutten hat ee sech eng kloer Avance erausgespillt an et stoung 21:10 aus Siicht vum HBD. No der Paus hunn déi Diddelenger hiert Spill weider duerchgezunn, fir um Enn mat ze gewannen.

Kloer war d'Partie och tëscht Bierchem a Schëffleng

Axa League Dammen

De Champion a Coupe-Gewënner am Dammen-Handball Käerjeng bleift och am drëtte Match an dëser Saison ongeschloen. Um 4. Spilldag huet een auswäerts de Museldall mat geklappt. An der Paus louchen déi Käerjengerinne mat 17:8 am Avantage. D'Tina Welter huet fir d'Gäscht mat 4 Goler am heefegste getraff.

Keng Problemer hat de Chev Dikrech mam Standard behaapt. Fir d'Damme vun Dikrech ass et déi zweet Victoire am véierte Match.

An am leschte Match do gouf et fir Diddeleng déi fënneft Victoire am fënnefte Match. D'Damme vum HBD hunn auswäerts mat géint Esch d'Iwwerhand behalen. An der Paus louch ee beim Score vu 15:7 souverän mat 8 Goler vir, ma an der zweeter Hallschent ass et Esch gelongen, fir de Réckstand ze verkierzen an de Match spannend ze halen. 12 Minutte viru Schluss louch d'Lokalekipp just nach ee Gol hannen. Um Enn huet Diddeleng de Succès awer iwwert d'Zäit bruecht.

RTL