Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handball Coupe bei den Dammen: Den HB Dideleng an den HB Käerjeng stinn an der Finall

Den HB Dideleng gewënnt mat 29:17 géint Dikrech an den HB Käerjeng gewënnt mat 29:14 géint den HB Esch. Béid Ekippen treffen an der Finall openeen.

Am nationalen Handball dréit sech dës Woch alles ronderëm de Final Four vun der Coupe, deen esouwuel bei den Damme wéi bei den Hären am Gymnase vun der Coque gespillt gëtt.

An der éischter Halleffinall konnt sech de Favorit kloer mat duerchsetzen. Diddeleng huet Dikrech net all ze vill Chance gelooss, soudatt um Enn eng Victoire fir d'Minetter um Bou steet. Och am zweete Match vum Owend hat de Favorit keng Problemer fir sech duerchzesetzen. Hei gewënnt KäerjengEsch.

Den Ufank vum Match war gepräägt vun engem nervösen Optrëtt vun den Dikrecher Dammen a vun engem fokusséierten Optrëtt vun den Diddelenger, déi konzentréiert a roueg no vir gespillt hunn. Esou konnt den HB Dideleng sech no fënnef Minutten eng 3:1-Avance erausspillen. Duerno hunn déi Dikrecher sech awer nees gefaangen a konnte gutt mam HB Dideleng mathalen. Virun allem d'Laurence Hoffmann war an der éischter Hallschent gutt a Form. Esou konnt hat an den éischten 30 Minutte siwe Goler markéieren. Béid Formatiounen hu sech awer e puer technesch Feeler erlaabt, soudatt e puer Ugrëff am Näischt verblatzt sinn. Den HB Dideleng war allerdéngs am Kollektiv eng Grëtz méi staark wéi de Chev vun Dikrech, soudatt et mat engem 15:11 aus der Siicht vun den Diddelenger an d'Paus gaangen ass.

Nom Téi ass den HB Dideleng besser aus der Paus komm. Si hunn e bësse méi zilorientéiert no vir gespillt an d'Dikrecher an e puer Situatiounen iwwerrascht. Esou konnte si relativ séier op 18:11 erhéijen. Dikrech huet de Kapp wuel net an de Sand gesat, an huet versicht de Match esou gutt et geet zu Enn ze spillen. Allerdéngs konnte si der Offensiv vun den Diddelenger net méi all ze vill entgéint setzen a si selwer nach eng sëlleg Kéieren un der Goalkeeperin vum HB Dideleng gescheitert. Déi Diddelenger hunn am Géigenzuch hir Chance genotzt an de Score ëmmer nees erhéicht. Um Enn gewënnt den HB Dideleng de Match opgrond vun der zweeter Hallschent verdéngt mat 29:17 a steet domadder an der Finall vun der Coupe.

An der zweeter Halleffinall vum Owend huet den HB Esch nëmme schwéier an de Match fonnt. Et huet souwuel un Zilwaasser, ewéi och un der néideger Prezisioun gefeelt. Déi Käerjenger Dammen hunn dem Spill vun Ufank un de Stempel opgedréckt. Esou hate si no 9 Minutte schonn eng 6:0-Avance. Och duerno sollt et fir déi Escher Dammen net besser ginn. Si si guer net an de Match komm an hu sech schwéier gedoen, fir iwwerhaapt e Gol ze markéieren. Dëse sollt réischt an der 20. Minutt falen, allerdéngs hate si sech der do schonns 11 gefaangen. Käerjeng huet de Match geréiert, soudatt et mat engem 16:2 an d'Paus gaangen ass.

An der zweeter Hallschent huet ee sech deemno eng Reaktioun vun den Escher Dammen erwaart. Dës ass wuel och komm, esou hunn déi Escher relativ séier 4 Goler geschoss. Allerdéngs war den Ecart an der éischter Hallschent esou grouss, datt dës Ophueljuegd just vu kosmetescher Natur gewiescht ass. Käerjeng huet zwar wuel e Gank zréckgeschalt, mä et hat een awer och d'Impressioun, wéi wann et an der zweeter Hallschent net esou gelaf ass, wéi d'Meedercher aus der Brauereisstad et sech virgestallt haten. Um Enn gewannen d'Käerjenger Dammen, opgrond vun enger staarker éischter Hallschent de Match mat 29:14. Si spillen elo an der Finall géint den HB Dideleng. Den HB Esch muss sech dogéint virgeheien, déi éischten Hallschent verschlof ze hunn.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Coupe Dammen