Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Handball Coupe bei den Dammen: Den HB Dideleng setzt sech géint de Chev Dikrech duerch a steet an der Finall

Den HB Dideleng gewënnt opgrond vun enger gudder zweeter Hallschent verdéngt mat 29:17 géint Dikrech a steet an der Finall vun der Coupe.

Am nationalen Handball dréit sech dës Woch alles ronderëm de Final Four vun der Coupe, deen esouwuel bei den Damme wéi bei den Hären am Gymnase vun der Coque gespillt gëtt.

An der éischter Halleffinall konnt sech de Favorit kloer mat 29:17 duerchsetzen. Diddeleng huet Dikrech net all ze vill Chance gelooss, soudatt um Enn eng Victoire fir d'Minetter um Bou steet.

Den Ufank vum Match war gepräägt vun engem nervösen Optrëtt vun den Dikrecher Dammen a vun engem fokusséierten Optrëtt vun den Diddelenger, déi konzentréiert a roueg no vir gespillt hunn. Esou konnt den HB Dideleng sech no fënnef Minutten eng 3:1-Avance erausspillen. Duerno hunn déi Dikrecher sech awer nees gefaangen a konnte gutt mam HB Dideleng mathalen. Virun allem d'Laurence Hoffmann war an der éischter Hallschent gutt a Form. Esou konnt hat an den éischten 30 Minutte siwe Goler markéieren. Béid Formatiounen hu sech awer e puer technesch Feeler erlaabt, soudatt e puer Ugrëff am Näischt verblatzt sinn. Den HB Dideleng war allerdéngs am Kollektiv eng Grëtz méi staark wéi de Chev vun Dikrech, soudatt et mat engem 15:11 aus der Siicht vun den Diddelenger an d'Paus gaangen ass.

Nom Téi ass den HB Dideleng besser aus der Paus komm. Si hunn e bësse méi zilorientéiert no vir gespillt an d'Dikrecher an e puer Situatiounen iwwerrascht. Esou konnte si relativ séier op 18:11 erhéijen. Dikrech huet de Kapp wuel net an de Sand gesat, an huet versicht de Match esou gutt et geet zu Enn ze spillen. Allerdéngs konnte si der Offensiv vun den Diddelenger net méi all ze vill entgéint setzen a si selwer nach eng sëlleg Kéieren un der Goalkeeperin vum HB Dideleng gescheitert. Déi Diddelenger hunn am Géigenzuch hir Chance genotzt an de Score ëmmer nees erhéicht. Um Enn gewënnt den HB Dideleng de Match opgrond vun der zweeter Hallschent verdéngt mat 29:17 a steet domadder an der Finall vun der Coupe.

HB Käerjeng - HB Esch

Dëse Match gëtt e Freideg um 20.45 Auer ugepaff.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Coupe Dammen