Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Héichëmstridde Justizreform: Bierger an och Membere vum Militär stelle sech géint den Netanjahu

D'Leit ginn op d'Strooss a protestéiere géint d'Justizreform vum Premier. An engems awer heizen déi Riets am Land Iwwergrëff op d'Demonstranten un.

Medien no waren eng 250.000 Leit an Israel op der Strooss, fir géint déi ëmstridde Justizreform vun der riets-reliéiser Regierung ze protestéieren. Zu Tel Aviv war et schonn déi eeleften Demonstratioun op engem Samschdegowend. Op de Plakater vun den Demonstrante steet "Nee zur Diktatur" oder "Israel ass nach net den Iran". Ma och zu Jerusalem oder Beerscheba gouf et Protester, bei deene Leit verhaft an d'Demonstrante vu Unhänger vun der Reform attackéiert goufen. Vum israeelesch President huet et geheescht, datt ee keng Anarchie géif toleréieren an och keng Gewalt géif zouloossen.

Ma eben déi Gewalt géint d'Demonstranten hätt zougelooss, wann een de Wierder vum Jair Lapid, Féierungspersoun vun der Oppositioun, gleewe kann. Vun engem vun den Organisateure vun de Protester huet et da geheescht, datt d'Vertrieder vun der Regierung d'Gewalt géint Demonstrante fërdere géifen, andeem si hir Supporter dofir motivéieren.

De fréieren israeelesche Verdeedegungsminister huet da virun engem Biergerkrich gewarnt. "Mir gesinn d'Gewalt op der Strooss, a si dierf net méi eskaléieren". Den Netanjahu gesäit dem Benny Gantz no net, "wéi eist Vollek virun eisen Aen auserneebrécht".

Zanter iwwer zwee Méint ginn et Protester géint d'Gesetz, wat proposéiert gouf. Dëst gesäit vir, datt d'Parlament an Zukunft mat enger einfacher Majoritéit Decisioune vum héchste Geriicht ophiewe kann an d'Politiker solle méi Afloss beim Ernenne vu Riichter kréien. Kritiker fäerten, datt mat dësem Gesetz d'Trennung vun de Gewalten a Gefor wier. D'Regierung wëll awer bis Enn vum Mount d'Kärelementer vun der Reform duerchsetzen.

E Kompromëss, deen de President Izchak Herzog virgeluecht hat an deen d'Oppositioun ënnerstëtzt, huet de Regierungschef Netanjahu ofgeleent. Fir de President war seng Propos eng Grondlag fir eng Diskussioun.

Ma net just d'Oppositioun gesäit d'Gesetz kritesch, och an der Regierung ginn et ëmmer méi Stëmmen, déi net a Faveur vum Text sinn. Mam David Bitan, e Parlamentarier aus dem Netanjahu senger Partei, huet de Regierungschef ëffentlech opgeruff, fir d'Reform ze stoppen.

Och de fréiere Chef vum israeelesche Geheimdéngscht Nadav Argaman huet sech géint d'Reform ausgeschwat, well hien dem Netanjahu net méi traut. Dësen hätt all d'Hemmunge verluer a fiert op en Ofgrond zou. Ma och aus der Arméi kënnt Widderstand. Honnerte vun Offizéier aus der Militärreserv sinn e Sonndeg net bei hirem Déngscht opgetaucht. "Mir kommen erëm, wann d'Demokratie garantéiert ass" sot ee vun hinnen an engem Radiosinterview. "Mir ruffen dozou op, an enger Diktatur keen Déngscht vun de Reserviste méi ze leeschten".

Déi aktuell Protestbeweegung ass déi gréisst an der Geschicht vum Land mat 9,4 Milliounen Awunner.