Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Initiative pour un Devoir de Vigilance Luxembourg": Méi Transparenz zu der Liwwerkettegesetz-Direktiv gefuerdert

Lëtzebuerg hätt sech bis elo nach net vill zum d'Thema Liwwerkettegesetz geäussert, esou d'"Initiative pour un Devoir de Vigilance Luxembourg".

Den Ament gëtt iwwert en europäescht Liwwerkettegesetz diskutéiert. Dëst soll sécherstellen, datt Betriber fir Ëmweltschied a Mënscherechtsverletzungen opkomme sollen, déi duerch hir Produktioun entstane sinn.

Liwwerkettegesetz / Reportage Sabrina Backes

Un den Detailer vun der Direktiv, déi vun der Kommissioun proposéiert ginn ass, hu sech awer verschidde Regierunge gestéiert an de Gesetzestext geännert. Elo soll ënner anerem all Memberstat selwer d'Entscheedung iwwerlooss ginn, op de Finanzsecteur och vum Gesetz soll couvréiert ginn.

Et sinn Decisiounen, déi och een Impakt op eist Land hunn. D'"Initiative pour un Devoir de Vigilance Luxembourg" wënscht sech vun der Lëtzebuerger Regierung méi Engagement a méi Transparenz.

Am grousse Ganze géingen et nach vill oppe Froe ginn, wann et drëms geet, wéi Lëtzebuerg iwwerhaapt zu der Direktiv iwwer e Liwwerkettegesetz steet. De Jean-Louis Zeien, Coordinateur vun der Initiative pour un Devoir de Vigilence Luxembourg:

"Wann et drëms geet, wéi gi mer de Klimawandel un, wéi geet ee mat Ëmweltschied duerch wirtschaftlech Aktivitéiten ëm oder wann et drëms geet, wéi eng Risikosecteuren et ginn. Alles dat sinn nëmme Beispiller vu Froen, déi ëmmer nach opstinn. A wann ee seet, Lëtzebuerg ass Member vum Mënscherechtsrot, da gehéiert och Transparenz dozou. An deem Sënn verlaange mir näischt anescht. "

Gewosst wier awer, dass Lëtzebuerg sech am Ministerrot dofir ausgeschwat huet, datt Fonds d’Investissement net vum Gesetz couvréiert ginn. Der Initiative no wier dëst net akzeptabel, well Finanzsecteur als Risikosecteur ugesi gëtt:

"De Finanzsecteur gëtt net nëmmen an eisen nationalen Aktiounsplang fir Mënscherechter an Entreprisë fir Mënscherechter als Risikosecteur ugesinn, mee e gëtt och vun der OCDE als Risikosecteur ugesinn. Vun dohier muss e säin Deel bäidroen, wann et em de Respekt vun de Mënscherechter geet, fir datt keng wirtschaftlech Aktivitéiten dierfe finanzéiert ginn, wou dono Mënscherechter drënner ze leiden hunn, wou d’Ëmwelt zerstéiert gëtt oder d’Äerderwiermung weider geet."

Iwwerdeems stéiert sech d'Initiativ ronderëm de Jean-Louis Zeien dorunner, datt d'Direktiv sech just op gréisser Entreprisen ab 500 Employéë bezitt - eppes, wat Lëtzebuerg och matgedroen hätt. Hei wënscht ee sech, datt de Seuil op 250 Mataarbechter erofgesat gëtt.

Well d'Verhandlungen iwwer Direktiv sech awer nach an d'Längt zéie wäerten, fuerdert den Zesummeschloss vun ONGen, datt elo schonn e nationaalt Gesetz op de Wee bruecht gëtt, wéi et zum Beispill schonn an Däitschland de Fall ass.