© AFP
Op der italienescher Insel lafen aktuell d'Rettungsaarbechten no engem Äerdrutsch weider.
Op der italienescher Insel Ischia waren e Sonndeg de Moien nach ëmmer eng 10 Leit no engem Äerdrutsch vermësst. Eng Persoun ass ëm d'Liewe komm. D'Rettungsaarbechte goufen duerch de ville Reen an de staarke Wand ausgebremst. Och eng Fär, déi Verstäerkung vum Festland sollt bréngen, fir ze hëllefen, ass wéinst dem schlechte Wieder net sou séier op d'Insel komm wéi geplangt. Et ass déi zweet Naturkatastroph an Italien bannent nëmmen e puer Méint. Am September waren 11 Persounen an Iwwerschwemmungen ënnert anerem un der Adriaküst ëm d'Liewe komm.