Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Internationale Futtball: Bayern a Leipzig am DFB-Pokal weider, Cremonese klappt Roum an der Coppa Italia

An der Coppa Italia koum och Florenz nach weider an Manchester United klappt Nottingham Forest am EFL-Cup.

Wärend a Frankräich um Mëttwoch e ganze Spilldag war, gouf sech an Däitschland, England an Italien ëm d'Coupe gestridden an a Spuenien stoung en Topmatch um Programm.

DFB-Pokal

Dësen dach wichtege Match hat an den éischte Minutten d'Gefill vun engem Geeschterspill. Well e Fan kuerz virum Upëff zesummegaangen ass an huet misste reaniméiert ginn, hate béid Fanlager sech gëeenegt, fir an den éischte Minutte wéineg Kaméidi ze maachen. Dat hatt dann och zur Suitte, datt den 1:0 duerch de Forsberg an der 9. Minutt net esou bejubelt gouf, wéi een dat normalerweis gewinnt ass. Leipzig huet déi éischt 45 Minutten dominéiert a konnt seng Avance an der 42. Minutt duerch de Laimer, deen den 1:0 virbereet hat, ausbauen. Nom Säitewiessel koum Hoffenheim dunn e bësse besser an de Match an hat an der 77. Minutt gefillt den éischte richtege geféierlech Golchance. A mat deem konnt den Dolberg seng Ekipp nees erubréngen an d'Situatioun kuerz spannend maachen. Well 7 Minutte méi spéit huet de Werner nees den alen Ecart hiergestallt a bei deem Score sollt et dann och bleiwen. Domadder ass Leipzig eng Ronn weider an nach ëmmer an der Course, fir den Titel ze verdeedegen.

Bayern sinn als Favoritten op Mainz gereest an esou si se och Opgetrueden. No den e bëssen duerchwuessene Resultater nom Optakt vun der Réckronn vun der Bundesliga wollte si an der Coupe beweisen, datt si awer nach gewanne kënnen. An esou war et net verwonnerlech, datt si schonn no 45 Minutten 3:0 am Avantage waren, 71 Prozent Ballbesëtz haten a vu Mainz mam Lëtzebuerger Barreiro net ee Schoss op de Gol zougelooss hunn. Nom Säitewiessel huet Bayern zwee Gäng zeréckgeschalt a Mainz huet e bësse matgespillt, ouni awer wierklech zwéngend zu grousse Chancen ze kommen. Kuerz viru Schluss huet den Davis fir d'Münchener nach de 4:0 markéiert, wat och d'Endresultat war.

EFL-Cup

Am Carabao-Cup, och EFL-Cup genannt, huet sech de Favorit doheem laang géint Nottingham Forest schwéier gedoen. Ma d'Wiesselen no ronn enger Stonn hunn United gutt gedoen. De Rashford koum no 62 Minutten eran an huet an der 73. Minutt den 1:0 duerch de Martial virbereet an 3 Minutten drop och den 2:0 duerch de Fred. Manchester war de ganze Match iwwer dominant an Nottingham konnt aus deene puer Chancen, déi se haten, net dat optimaalt eraushuelen.

Coppa Italia

Florenz war doheem géint Turin déi besser Ekipp, ma huet laang vill vun hire gudde Chancen net genotzt. Eréischt no iwwert enger Stonn konnt de Jovic d'Heemekipp a Féierung bréngen an esou just virun der Nospillzäit huet den Okone op 2:0 erhéicht. De Gol vum Karamoh, deen Turin nach eng Kéier bäibruecht huet, koum e bëssen ze spéit. Domadder qualifizéiert sech Florenz fir d'Halleffinall vun der Coppa Italia.

Roum war doheem kloere Favorit géint de leschten aus der Seria A an der Coppa Italia. Ma d'Coupe huet hir eege Reegelen an ee gudden Dag geet duer, fir de Favorit ze eliminéieren. An esou een Dag hat Cremonese erwëscht. Roum hat méi Ballbesëtz, méi Ofschlëss, mi Schëss op de Gol, an, an, an. Ma d'Statistike sinn net alles. Well en Eelefmeter vum Dessers an der 28. Minutt an e Selbstgol vum Celik an der 49. Minutt sinn dem Underdog duergaangen, fir Roum ze eliminéieren a sech fir d'Halleffinall ze qualifizéieren. Den Uschloss vum Belotti an der 94. Spillminutt koum fir d'Réimer ze spéit.

Ligue 1

Am Duell ëm déi international Plaze konnt keng vu béiden Ekippe e wierkleche Sprong no Vir maachen. Lille bleift als 6. zwar mat drun, huet awer schonn méi wéi ee Match Réckstand. Clermont huet mat 30 Punkten der esouguer nach 5 Manner a wier op déi 3 Punkten ugewise gewiescht. Dobäi kënne si nach frou iwwert den ee Punkt sinn, well Lille huet doheem dominéiert, huet et just net fäerdeg bruecht, dëst a Goler ëmzewandelen.

An engem direkte Kellerduell wieren dräi Punkte esou wichteg, fir den Uschloss un de Recht vun der Tabell net ze verléieren. Angers war gutt an de Match komm a war no 13 Minutten duerch de Sima a Féierung gaangen. Laang hat et dono ausgesinn, als kéint de leschten d'Punkten doheem halen, ma an der 65. Minutt huet de Soumano ausgeglach an an der Nospillzäit konnt de El Idrissy de Match esouguer dréinen. Mat dësen dräi Punkten kënnt Ajaccio elo op 18 Punkten op der 17. Plaz. Dat géif zwar nach ëmmer Ofstig bedeiten, mä si sinn awer elo direkt drun un den Netofstigplazen. Angers dogéint huet mat 8 Punkten schonn iwwer 10 Punkte Réckstand op dat déi 16. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Barca als Tabellenéischten huet sech laang géint de Sechsten Betis Sevilla schwéier gedoen. Eréischt no 65 Minutten ass de Knuet geplatzt an de Raphinha huet den 1:0 fir d'Gäscht markéiert. De Lewandowski huet no 80 Minutte säi Gol an dëser Partie markéiert a Barca huet wéi de séchere Gewënner ausgesinn. Ma e Selbstgoal vum Kounde 5 Minutte méi spéit huet d'Partie nach kuerz spannend gemaach, ma Sevilla konnt d'Situatioun awer net méi ausnotzen, fir nach e Punkt doheem ze halen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga