Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Internationale Futtball: Real Madrid verléiert op Mallorca, dräi Punkte fir Neapel

An der Course ëm de Championstitel hunn déi Kinneklech bei enger 0:1-Defaite dräi wichteg Punkte leie gelooss.

Am internationale Futtballchampionnat muss sech Stuttgart an der Bundesliga ëmmer méi Suerge maachen, an Italien kënnt Neapel dem Championstitel ëmmer méi no an den FC Barcelona kann an der spuenescher LaLiga no der iwwerraschender Defaite vu Real Madrid dovun zéien.

Bundesliga

Bremen huet sech am Duell géint Stuttgart dräi wichteg Punkte géint den Ofstig geséchert a kann elo souguer a Richtung Europa kucken. An enger opreegender éischter Hallschent kruten d'Spectateuren zu Stuttgart bis op Goler vill ze gesinn. Nom Säitewiessel huet Bremen da seng Chance genotzt an ass no enger knapper Stonn duerch de Stage a Féierung gaangen. An enger hektescher Phas wou d'Lokalekipp den Ausgläich wollt huet den Duksch dann awer mat sengem Gol zum 2:0 de Match entscheet an d'Victoire fir Bremen geséchert.

Wolfsburg - Bayern (17.30 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Tottenham - Manchester City (17.30 Auer)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Neapel bleift weider um richtege Wee a Richtung Championstitel. Hate si sech am Duell géint La Spezia nach an den éischte 45 Minutte schwéier gedoen e Wee laanscht déif stoend Géigner ze fannen, ass an der zweeter Hallschent den Tabelleleader an d'Rulle komm. De Kvaratskhelia konnt kuerz no der Paus d'Féierung markéieren an den Osimhen huet mat sengen zwee Goler fir den 3:0 Endstand gesuergt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Den aktuellen Tabellenzweeten an der spuenescher LaLiga huet wichteg Punkten an der Course ëm de Championstitel leie gelooss. Duerch e Selbstgol vum Nacho an der 13. Minutt sinn déi Kinneklech fréi engem Réckstand hannendru gelaf. Géint d'Ekipp vu Mallorca, déi sech ganz déif an déi eegen Hallschent gestallt hat, ass et Real net gelongen e Wee a Richtung Gol ze fannen. Och am zweeten Duerchgang war d'Gléck net op der Säit vun de Gäscht aus Madrid. An der 60. Minutt war et den Asensio, deen en Eelefmeter verschoss an domat d'Chance op den Ausgläich verpasst huet. Um Enn bleift et bei der knapper Defaite a sou huet Barcelona am Match géint den FC Sevilla d'Chance d'Féierung un der Tabellespëtzt op aacht Punkten auszebauen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga