Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (23. September): Michèle Detaille

E Freideg de Moien ass d'Fedil-Presidentin eis Invitée vun der Redaktioun.

Wann et dëse Wanter mat der Energie knapp gëtt, da sinn d’Betriber an d’Industrie déi éischt, wou de Stroum oder de Gas zougedréint ginn. Wéi konnt dann d’Fedil, d’Stëmm vun der Industrie, den Accord vun der Tripartite matdroen ?

Dat froe mir d’Presidentin vun der Fedil, d’Michèle Detaille. Donieft froe mir d’Invitée vun der Redaktioun, wat si sech als staatlech Hëllef virstellt a wéi d’Industrie sech selwer an der Energiekris opstellt.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.