Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (26. September) - Marc Crochet: An der Belsch ginn et selektiv Mesuren, firwat net hei?

Déi Fro huet den Direkter vun der Caritas bei eis op der Antenn gefrot. Hie war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Bei der Tripartite ass eng Chance verpasst ginn, fir d'Inegalitéiten ze bekämpfen, sou d'Caritas. Hiren Direkter de Marc Crochet huet e Méindeg de Moien op RTL festgestallt, datt mam Bremse vun den Energiepräisser eng Politik "mat der Strenz" gemaach géing ginn. "Ech weess net wat eis Kolleegen an der Belsch besser gemaach hunn ewéi mir?", huet de Marc Crochet gefrot. An der Belsch gouf e sozialen Tarif fir 1 Millioun Leit decidéiert, déi et am meeschte brauchen.

D'Regierung seet, et wier jidderengem gehollef, wann d'Inflatioun duerch d'Präisdeierecht géing gebremst ginn. Den Direkter vun der Caritas huet e Méindeg de Moien awer hannerfrot, ob déi Mesuren effektiv d'Inflatioun géinge briechen, well ee groussen Deel vun der Inflatioun importéiert wier. Hien huet drun erënnert, datt am Joer 2020 schonn eng 20.000 Leit hei am Land net anstänneg kéinten hëtzen.

Der Hëllefsorganisatioun no missten nieft méi selektive Mesuren, d'Plaffongen, fir an de Genoss vun diverse sozialen Hëllefen ze kommen, an d'Luucht gesat ginn an "d'Ratatouille" u Mesurë vereinfacht ginn. Donieft solle Proprietären nach méi staark incitéiert ginn, fir Wunnengen energetesch ze sanéieren.

De Marc Crochet huet sech e Méindeg de Moien och gefrot, wou d'Steierreform géing bleiwen. Déi néideg Donnéeë géingen all um Dësch leien.

Invité vun der Redaktioun: Marc Crochet

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.