Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (28. November) - Marc Lauer: Tariffer fir Assurancë wäerten eropgoen, well Reparature méi deier ginn

Dat sot de President vun der Associatioun vun den Assurancëgesellschaften e Méindeg als eisen Invité vun der Redaktioun.

"Mir sinn an enger Situatioun, wou eis Käschten an de Reparaturen immens séier eropginn", sou de Marc Lauer. Dat wier souwuel fir Reparaturen un Autoen ewéi u Wunnengen de Fall. D’Entreprise missten nämlech selwer méi deier Energie a Matière Première bezuelen. Dowéinst wier et dem Marc Lauer no relativ kloer, datt d’Tariffer fir d’Assurancë wäerten eropgoen.

Wéini a wéi vill d’Primme méi deier ginn, dat géing vun den Assurancen ofhänken. All Gesellschaft kéint decidéieren, wéi vill a wéi séier déi eropginn. Virun e puer Wochen haten Assureuren op enger Konferenz vum Konsumenteschutz vun enger Hausse am zweestellege Beräich geschwat. Dat wier méi héich ewéi d’Inflatioun. De Marc Lauer sot awer, d’Bremsen op d’Energiepräisser, déi op der Tripartite decidéiert goufen, déi meescht Entreprisen net betreffen.

Ugeschwat op déi gutt Resultater vum Assurancësecteur dat lescht Joer huet de President vun der Aca geäntwert, et wier souguer e "super" Joer gewiescht. Mä dëst Joer géing de Secteur relativ vill Pertë maachen. Engersäits wéinst de Käschten, mä haaptsächlech, well d’Zënsen an d’Luucht ginn an d’Aktien an Obligatiounen manner Rendement wäerte bréngen.

D’Primme vu Lëtzebuerger Assurancëgesellschafte ginn zu 95% am Ausland geschriwwen, huet de Marc Lauer da weider erkläert. D’europäescht Recht ass awer op onser Säit an de Secteur ass trotz Konkurrenz aus dem Ausland zolidd, sou de President vun der ACA, deen och fir de Foyer schafft. Op d’Fro, ob de Grand-Duché net riskéiert, wéinst de Liewensversécherungen eng Kéier an e schlecht internationaalt Liicht ze geroden, huet de Marc Lauer geäntwert: "et kann een ëmmer probéiere,n een an d’schlecht Liicht ze stellen". Mä a sengen Ae wieren d’Produite vun de Lëtzebuerger Gesellschaften aus enger steierlecher Siicht transparent.

D’Echoe vun deen Assurancëgesellschaften, déi rezent vum Expertegrupp géint de Blanchiment, dem Gafi, interrogéiert goufen, wieren iwweregens "éischter positiv", sou nach de Marc Lauer.

Invité vun der Redaktioun: Marc Lauer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.