Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Invité vun der Redaktioun (30. Mäerz) - Claire Russon, Attachée à la direction um CePAS: Sozial Medie verstäerken de Phenomeen vum Mobbing

En Donneschdeg de Moie war de Phenomeen vum Mobbing a Cybermobbing Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Educatiounsministère huet d'lescht Woch eng nei Sensibilisatiouns- an Informatiouns-Campagne mam Numm "Exit Mobbing" fir d'Lycéesschüler an hir Eltere lancéiert. Et gëtt ëmmer méi vu Mobbing geschwat, ma ob de Phenomeen wierklech zougeholl huet, kéint een net soen. Dofir géingen et keng signifikativ Zuele ginn, sot d'Claire Russon en Donneschdeg de Moien. D'Psychologin ass Attachée à la direction um CePAS, dem Centre psychosocial et d‘accompagnement scolaire.

Zanter der Pandemie wier einfach d'mental Gesondheet ëmmer méi wichteg ginn an ëmmer méi an d'Opmierksamkeet vun der Ëffentlechkeet komm. Et géing meeschtens ëm Schüler an ëm Jonker goen, deenen et net gutt geet an déi dann och selwer zu Täter kënne ginn.

Den Internet als "rechtsfräie" Raum

Déi sozial Medie géingen de Phenomeen vum Mobbing nach verstäerken. Wann ee Schüler an der realer Welt gemobbt gëtt, da géing et duerno dacks virtuell/online nach weidergoen. Affer an Täter géinge sech meeschtens jo och kennen. Wat hir géing Suerge maachen, wier, dass et an de soziale Medie méi einfach wier, fir Expressiounen, Kriticken, an Diskriminatiounen ze äusseren. Den Internet géing einfach als e rechtsfräie Raum ugesinn ginn. E weidere Problem wier, dass d'Affer online dacks ganz eleng wier. Wa Jonker zum Beispill an der Nuecht den Handy kucken, da wiere se dacks eleng mat hire Gefiller an dat wier geféierlech. Dofir ass de Slogan vun der Exit-Mobbing-Campagne och "bleif net eleng".

Eng gemeinsam Verantwortung

Och d'Schoule si gefuerdert, se dierfen net als rechtsfräie Raum gesi ginn. Hei misste verschidde Verhalensreegelen an enger Gemeinschaft ëmmer nees rappelléiert ginn, sou dass een Täter kee Muechtverhältnis kann opbauen, erkläert d‘Invitée. An der Schoul ginn et nieft den Täter an Affer awer och Zeien an Observateuren an déi missten intervenéiere bei Mobbing. Et wier eng gemeinsam Verantwortung.

Wat d'Täter ugeet, do géingen et verschidden Interventioune ginn, jee no Gravitéit vum Mobbing. Bei klenge repetitiven Attacke missten d‘Enseignanten an d‘Personal vun der Schoul drop opmierksam maachen a Strofe ginn. Wann e Mobbing-Phenomeen kloer festgestallt gëtt, kann et sou wäit goen, dass en Täter vun der Schoul flitt, respektiv kann eng Plainte gemaach ginn. Och d'Eltere spillen e wichtege Roll a si vun der Campagne "Exit Mobbing" viséiert.

Invité vun der Redaktioun: Claire Russon

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.