En Donneschdeg de Moie war de Phenomeen vum Mobbing a Cybermobbing Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den Educatiounsministère huet d'lescht Woch eng nei Sensibilisatiouns- an Informatiounscampagne mam Numm "Exit Mobbing" fir d‘Lycéesschüler an hir Elteren lancéiert.
Wéi grouss ass de Phenomeen vum Mobbing a Cybermobbing an de Lëtzebuerger Lycéeën? Wéi e Rôle spillen déi sozial Medien? A ginn et iwwerhaapt Sanktiounsméiglechkeete fir jonk Täter?
Dat froe mer en Donneschdeg de Moien d‘Claire Russon. D'Psychologin ass Attachée à la Direction am Educatiounsministère a Responsabel vum CePAS, dem Centre Psychosocial et d'accompagnement scolaire an en Donneschdeg de Moie géint 10 op 8 eis Invitée vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Claire Russon
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.