Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Iwwert de Weekend: 256 Neiinfektioune bei 2.149 PCR-Tester, zwee weider Doudesaffer

D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm zwou op 1.160 geklommen ass.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg. Dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell sinn 24 Persounen hospitaliséiert, dovunner leien zwee Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.292.225 Impfdosisse genotzt.

D'Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Vun 354 PCR-Tester waren der e Sonndeg 12 positiv. D'Santé deelt ausserdeem mat, datt dobäi nach dräi Leit e Sonndeg positiv getest goufen, déi viru méi wéi 90 Deeg schonn emol eng Infektioun haten. E Samschdeg goufen 124 Persoune Neiinfektiounen, e Freideg waren et der 120.

D'Statistike vun der Santé am Iwwerbléck