Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Jugendlech Täter: Zwee gewalttäteg Iwwerfäll an der Stad, een Déifstall zu Iechternach

Bei den 3 Iwwerfäll, respektiv Déifställ, bei där all Kéier Gewalt involvéiert war, goufen 2 Persoune blesséiert. D'Ermëttlungen an den 3 Fäll lafen.

Am Stater Park an der Avenue Monterey war e Jugendlechen an der Géigend vum Kiosk vun 3 jonke Männer opgefuerdert ginn, fir hinne säin Handy ze ginn. Well de Jugendlechen dësen net dobäi hat, gouf hien dunn opgefuerdert, dofir da säi Pullover a seng Posch ofzeginn. Ma well de Jugendlechen dëser Opfuerderung net direkt nokoum, hunn déi jonk Männer hien ugegraff, hunn him béid Saache geklaut a sinn dunn mat de Saachen a Richtung Kinnekswiss fortgelaf. D'Sich vun der Police no den Täter spéider huet zu kengem Resultat gefouert.

Täterbeschreiwung:
D'Täter sollen tëscht 17 an 18 Joer al sinn, zwee dovunner hunn asiatesch, ee weideren afrikanesch Originnen. Déi Dräi solle Kaputzepulloveren ugehat hunn, een hat e wäissen Nike Hoodie, een e wäisse Lacost Hoodie an e weideren e bloe Lacoste Hoodie hunn.

E Méindeg géint 18.10 Auer gouf an der rue Pierre d'Aspelt e jonke Mann vun 3 anere jonke Männer attackéiert an hunn him zwee Handyen an e Laptop ofgeholl. Dono sinn d'Täter a Richtung Boulevard Grand-Duchesse Charlotte, respektiv a Richtung Place de l'Étoile fortgelaf. D'Affer gouf blesséiert a koum fir déi medezinesch Behandlung an d'Spidol. Och hei ass d'Sich vun der Police no den Täter ouni Resultat op en Enn gaangen.

Täterbeschreiwung:
Déi 3 Persounen déi gesicht ginn, sinn ongeféier tëscht 15-16 Joer al. Bei enger Persoun handelt et sech ëm eng méi korpulent Persoun vun 1,75m mat afrikaneschen Originnen, schwaarzen Hoer an e beige Kaputzepullover.  Déi 2. Persoun war ongeféier 1,62m grouss, hat schwaarz Hoer an hat e wäisse Pullover mat faarwegen Elementer drop un. Bei der 3. Persoun ass just gewosst, dass se ronn 1,65m grouss war.

A béide Fäll sinn Informatioune fir d'Stater Police, dat iwwer Telefon um (+352) 244 40 1000 oder per Mail op [email protected].

Um 13.30 Auer koum et dann e Méindeg nach zu Iechternach zu engem Déifstall mat Gewalt, dat an engem klenge Liewensmëttelgeschäft an der rue de la Gare. E Jugendlechen hat un der Keess esou gemaach, wéi wann en eppes bezuele géif, ma ass dunn, wéi d'Keess opgemaach gouf, hannert de Comptoire gesprongen an huet d'Suen matgoe gelooss.

De jonken Täter konnt nach ufanks vun engem Client an och der Mataarbechterin festgehale ginn, ma schlussendlech ass et dësem trotzdeem gelongen, sech ze befreien an ass a Richtung Rue des Merciers fortgelaf. De Jugendleche gouf bei der Recherche vun der Police net méi erëmfonnt. Beim Virfall gouf d'Mataarbechterin vum Geschäft liicht blesséiert.

An allen 3 Fäll goufen iwwregens all Kéiers Plainten entgéintgeholl an Ermëttlunge goufen ageleet.