Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kambodscha, Vietnam a Philippinnen: Taifun "Noru" kascht eng sëllege Mënschen d'Liewen

A Südostasie suergt den Taifun "Noru" den Ament fir schwéier Schied. Am Kambodscha sinn duerch massiv Iwwerschwemmungen nom Stuerm eng 16 Mënschen erdronk.

Dat schreift ënnert anerem d'Zeitung "Phnom Penh Post" a berifft sech op de Katastropheschutz.

Dausenden Haiser a Stroossen, speziell ronderëm de Mekong River bei der Granz zu Thailand, si schwéier beschiedegt ginn. Och wa sech den Taifun iwwert déi nächst Deeg ofschwäche soll, sollt een an den nächsten Deeg weider mat staarkem Reen am Kambodscha, am Laos an an Thailand rechnen, esou ee Spriecher vum Ministère fir Waasserresourcen.

E Sonndeg hat den Taifun "Noru" fir d'éischt d'Philippinnen getraff an koum an der Nuecht op e Mëttwoch am Vietnam un. Op de Philippinnen koumen op d'mannst zéng Mënschen ëm d'Liewen, aacht weiderer ginn nach vermësst.