Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Klimabündnis: International Klimakonferenz debattéiert Klimaneutralitéit am Duerf

Déi aktuell Energie-Nout géif weisen, datt och op lokalem Niveau d'Energie-Effizienz an den nächste Joren e ganz grousst Thema ass, sou den Andreas Wolter.

Wéi kann een op lokalem Niveau, direkt am Duerf, an der Gemeng, klimaneutral an nohalteg fonctionéieren?

Op der internationaler Klimabündnis-Konferenz zu Hesper diskutéieren nach bis e Freideg ronn 200 national ewéi international Vertrieder genee dës Fro. Nom éischten Dag ass kloer: Et kann een Institutiounen änneren, Reglementatiounen änneren, also och d'Verhale vum Mënsch. Ma dës Ännerunge mussen um politeschen Niveau, a virun allem och an de Gemenge weidergefouert ginn.

Diskussiounspotential gëtt et zu Hesper genuch. A Presenz vum Grand-Duc an der Grand-Duchesse war et en Donneschdeg de Mueren um 9 Auer de Start an déi 25. Konferenz vum Klima-Bündnis. Eng Organisatioun, déi sech zanter iwwer 25 Joer mat 2.000 Member-Gemenge fir d'Weltklima asetzt. D'Uso en Donneschdeg de Muere war kloer.

Andreas Wolter, Buergermeeschter vu Köln & President vum Klima-Bündnis: „Mir hunn an den nächste Joren nach e ganze Bierg eropzeklammen. Mir hu viru Joren e wichtegt Paräisser Klimaofkommes ënnerschriwwen, mee zanter hier just kleng Schrëtt gemaach an der Protektioun vun eiser Ëmwelt.“

Et gëllt, nohalteg Projete weider ze fërderen an Initiativen zesummen ze mobiliséieren. Eng Rei Gemengen zu Lëtzebuerg géife scho mam gudde Beispill virgoen.

RTL

Andreas Wolter:"D'Leit hu schonn erkannt, datt et 5 vir 12 ass. Datt et seriö gëtt a mer beim Klimaschutz eppes maache mussen. Mir haten dëse Summer eng Wansinn s Dréchent. D'lescht Joer war et eng katastrophal Iwwerschwemmung. D'Leit mierken, mir musse reagéieren.“

Déi aktuell Energie-Nout géif weisen, datt och op lokalem Niveau d'Energie-Effizienz an den nächste Joren e ganz grousst Thema ass.

Thomas Brose, Direkter vum europäesche Klima-Bündnis: „Mir mussen dohinner kommen, net vun enger Kris an déi nächst ze falen. Mir musse probéieren, déi Krise schonn Deels am Virfeld kommen ze gesinn a scho rechtzäiteg Mesuren en place ze setzen, domat mer net ëmmer vun eppes gedriwwe ginn. Datt mir Kontroll iwwerhuelen.“

An déi eege Kontroll fänkt schonn am eegene Stot un, och op Gemengenterrain.

Thomas Brose:Mir musse ganz vill am Beräich vun de Gebailechkeete maachen. Et ass e wichtege Beräich, wou och d'Gemengen aktiv kënne ginn. Dat fir den Energie-Konsum ze reduzéieren an och einfach net méi ofhängeg vu fossillen Energien ze sinn."

Den ëffentlechen Transport misst konstant optimiséiert ginn. Konkret wier et wichteg, d'Kommunikatioun tëscht dem urbanen a ländleche Raum ze verbesseren, fir zesummen un energetesche Projeten ze schaffen an allgemeng Energie anzespueren, esou nach de Constat um éischten Dag vun der Klimakonferenz.