Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Konsumenteschutz: Baisse vun der TVA dat nächst Joer wäert net vill bréngen

D'ULC kritiséiert, datt dës Baisse net fir de super-reduzéierten Taux gëllt, an et fäert een, datt net all d'Betriber et un d'Clientë weiderginn.

De Konsumenteschutz zweiwelt drun, datt d'Baisse vun der TVA d'nächst Joer eppes bréngt, dat schreift d'ULC en Dënschdeg an engem Communiqué.

Den Tripartiteaccord gesäit vir, datt vum 1. Januar bis den 31. Dezember 2023 d'TVA ëm ee Prozent reduzéiert gëtt. Well dat awer net fir de super-reduzéierten Taux vun 3 Prozent gëllt, hätt et awer kaum en Impakt op d'Produiten, déi een am Alldag brauch, wéi zum Beispill Liewensmëttel, kritiséiert de Konsumenteschutz. Och bei deenen aneren TVA-Tauxe géing et just eppes bréngen, wann d'Betriber dat och un de Konsument weider ginn.

D'Baisse vun der TVA géing de Staat ongeféier 500 Euro pro Awunner kaschten, dat wiere vill Suen dofir, datt et fir déi meescht Konsumente kaum en Ënnerscheed géing maachen. De Konsumenteschutz fuerdert eng Steierreform oder eng Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun.