Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kritik vun Organisateuren: Saudi-Arabien als Sponsor vun der Frae-Futtball-WM?

2023 ass d'Weltmeeschterschaft am Fraefuttball an Neiséiland an an Australien. Béid Länner üben awer elo schaarf Kritik un der FIFA.

Dëst wéinst engem méigleche Sponsoring vun der WM duerch Saudi-Arabien. Vun den Organisateure vun dëser Weltmeeschterschaft heescht et, datt ee "geschockt an enttäuscht wier", datt d'FIFA esou Pläng iwwerhaapt hätt an datt de Weltfuttballverband béid Organisateuren net doriwwer informéiert hätt.

Dowéinst wäert Australien e Bréif un d'FIFA schécken an d'Situatioun erklären. Béid Länner stéiere sech um Sponsoring vu Saudi-Arabien, well am Land Frae just ganz ageschränkte Rechter hunn.

Datt de saudeschen Tourismusverband iwwerhaapt op der Sponsorelëscht vun der WM steet, ass fir Amnesty International Australien eng Aktioun "aus dem Léierbuch fir Sportswashing". Der Meenung vun Amnesty no misst een éischter drop hiweisen, datt "a Saudi-Arabien eng Fra ouni Erlabnis vun hirem männleche 'Beschützer' emol net e Beruff dierf hunn."

Saudi-Arabien investéiert sech ëmmer méi an den internationale Sport. Nieft enger Formel-1-Course an dem Transfert vum Cristiano Ronaldo bei ee vun de saudesche Veräiner, krut d'Land rezent och den Zouschlag fir d'Asienmeeschterschaft am Männerfuttball 2027 ze organiséieren a wëll sech och mellen, fir d'Weltmeeschterschaft 2030 dierfen ofzehalen, dat zesumme mat Ägypten a Griichenland.