Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Kuff dʼSchmull an dibber nobes!

Neit Buch

Am Band 5 vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ kann een dann elo ausgewielte jéinesch Wierder kenne léieren. 

Am Band 5 vun der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ kann een dann elo ausgewielte jéinesch Wierder kenne léieren.  Foto: Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch

(mt/C.) - Bugger, dibberen, Klemmes, Moss, Straubejitzert, zoppen: Den Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch huet zesumme mam Script e fënnefte Band an der Serie „Lëtzebuerger Wuertschatz“ erausbruecht. Zwielef Bänn si virgesinn, fënnef goufen der bis elo publizéiert a se sinn no e puer Neioploen och nach ëmmer all ze kréien. De Band 1 „Aläert, jauwen, Zockerboun“ huet 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert, de Band 2 „DʼPan klaken an dʼSchong voller Féiss“ 99 typesch Lëtzebuerger Riedensaarten, de Band 3 mam Titel „Vun Dréischel bis Kréischel“ huet 294 Bezeechnunge fir Uebst- a Geméiszorten, fir Kräider, Gewierzer an Nëss opgelëscht an am véierte Band „Zwackert, berdank!“ stoungen 89 fuusseg Wierder aus dem „Reenert“ am Mëttelpunkt.

Am Band 5 kann een dann elo ausgewielte jéinesch Wierder kenne léieren. A senger Introduktioun geet de Sproochhistoriker aus dem Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch, den Dr. Sam Mersch, op dat an, wat dʼJéinescht esou besonnesch mécht: „Jéinesch ass keng Sprooch wéi déi meescht aner. Zum engen ass se nëmme vun e puer Leit geschwat ginn, virun allem de Lompekréimer oder de Lakerten, zum aneren handelt et sech hei ëm eng Sprooch, déi net ,natierlechʻ gewuess ass. Fréier war dacks vu Geheimsprooch rieds. Och wann dëst Wuert net gutt gemengt war, sou weist et dach op een Aspekt vum Jéineschen hin: Et war eng Sprooch fir eng bestëmmte Grupp vu Leit, déi sozial en anere Stand haten.“

Am Buch ginn 117 jéinesch Wierder presentéiert, flott illustréiert, kuerz erkläert an op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat.

„Kuff dʼSchmull an dibber nobes! – 117 quant jéinesch Wierder“, ZLS a SCRIPT, 96 Säiten, 10 Euro.

De „Sproochatlas 1900“ vum Alain Atten ass nees ze kréien

De „Lëtzebuerger Sproochatlas 1900“ vun den Auteuren Alain Atten a Claude Schmit, den am Juni erauskoum, war bannert kuerzer Zäit vergraff. Elo ass déi zweet Oplag eraus an an allen Bicherbutteker fir 75 Euro ze kréien.

„Lëtzebuerger Sproochatlas 1900“ vum Alain Atten a Claude Schmit war séier vergraff, ass awer elo nees ze kréien.
„Lëtzebuerger Sproochatlas 1900“ vum Alain Atten a Claude Schmit war séier vergraff, ass awer elo nees ze kréien.

„Lëtzebuerger Sproochatlas 1900“ vum Alain Atten a Claude Schmit war séier vergraff, ass awer elo nees ze kréien. Foto: Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch