Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Lago Maggiore: 4 Doudeger bei Accident mat engem Touristeboot

E Sonndeg den Owend gouf et um Lago Maggiore en uergen Accident mat engem Touristeboot.

4 Leit si beim Ongléck ëm d'Liewe komm, dat hunn déi italieenesch Rettungsekippen e Méindeg de Moie matgedeelt. 21 Persoune konnte gerett ginn a sinn deels blesséiert ginn. Keng Persoun schwieft a Liewensgefor.

Den Autoritéiten no soll dat 16 meter laangt Boot ënnergaange ginn, well et an en Tornado (Windhose) gerode war. Wéi et vum President vun der Regioun, Attilio Fontana, heescht, wier d'Boot vun Touristen aus Däitschland a Groussbritannien gelount ginn.

U Bord waren am Ganzen 23 Touristen an zwee Membere vum Equipage.

De Virfall war am südlechen Deel vum Séi. De Lago Maggiore ass deen zweetgréisste Séi an Italien a ganz beléift bei Touristen.