Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Landesplanung spléckt d'Nordstad: Bei der Fusioun, déi nach ëmmer net konkreet ass, geet et och ëm vill Suen

Bis de 15. Januar 2023 mussen d'Gemengen dem Landesplanungsministère hir Avisen zum Programme directeur de l'aménagement du territoire 2023 eraschécken.

Dat stellt virun allem déi fënnef Nordstadgemengen virun ee Problem, well zwou vun hinnen nëmme méi Sue kréien, wann et zu enger Fusioun kënnt, ma déi ass net esou séier en Vue.

Landesplanung spléckt Nordstad / Reportage Marc Hoscheid

Nordstad-Fusioun, Nordstad-Fusioun, hmmmm do war dach eppes. Ah jo, d'Gemengeréit vu Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng un der Sauer a Schieren haten 2018 decidéiert, datt se sech zesummeschléisse wéilten. Am Fong hätt am Fréijoer 2022 ee Referendum ofgehale solle ginn. Ma doraus gouf näischt. Dacks gouf gesot, dass déi sanitär Restriktiounen am Kader vun der Corona-Pandemie déi geplangte Biergerbedeelegung am Virfeld vum Referendum behënnert hätten. Hannert, an deels och virun de Kulissen, gouf awer an éischter Linn ëm Sue gestridden.

Viru knapp engem Joer hat d'Inneministesch Taina Bofferding ee Subsid vu 60 Milliounen Euro proposéiert. Dat war zwar duebel esou vill wéi am Ufank virgesinn, ma just hallef esou vill wéi d'Gemenge gefrot haten. Dës wollten nämlech ee Fusiouns-Subsid vu 5.000 Euro pro Awunner, dat wieren um Enn knapp 120 Millioune gewiescht.

Och eng nei CGDIS-Kasär beim Rond-Point um Fridhaff stoung um Wonschziedel. D'Gemeng Dikrech an de Staat hate schonn een Terrain vis-à-vis vun enger Tankstell kaaft, mee well den Ëmweltministère déi rout Kaart gewisen huet, gouf een alternative Site tëscht der Tankstell an engem Waasserbehälter an der Aktivitéitszone ZANO definéiert. Wou dee Projet drun ass, ass net gewosst. Ma generell ass et zanter engem Joer ronderëm d'Fusioun ginn.

Elo kënnt mam Programme directeur de l'aménagement du territoire 2023 rëm nei Beweegung an den Dossier. Wat huet et da genee mat deem Dokument op sech?

Et soll der dacks zitéierter Landesplanung déngen. Dee leschte PDAT ass nach aus dem Joer 2003. D'Gemengen Dikrech, Ettelbréck an Ierpeldeng un der Sauer ginn am neie PDAT als Centre de développement et d’attraction (CDA) d’importance nationale definéiert. Bettenduerf a Schieren géingen dee Status just am Fall vun enger Fusioun kréien. Ob et zu enger Fusioun kënnt, ass awer alles anescht wéi kloer. D'Gemengeréit vu Bettenduerf a Schieren wëlle sech virun de Gemengewalen am Juni d'nächst Joer net festleeën, wieren awer trotzdeem gären Deel vum CDA Nordstad. Am PDAT ass nämlech festgeluecht, datt ee CDA d'importance nationale nieft deenen normale Subside vum Staat op d'Awunnerzuel gerechent 25 Prozent zousätzlech kritt. Datt déi aner dräi Gemengen aus Solidaritéit op de Status verzichten, ass onrealistesch. Hannert virgehalener Hand ass ze héieren, datt d'Regierung esou Drock maache wëllt, fir datt et zu enger Fusioun kënnt.

Firwat ass deen Drock dann néideg, wann déi fënnef Gemengeréit sech fir eng Fusioun ausgeschwat hunn an d'Prozedur schonn eng Partie Jore leeft?

Well kee wierkleche Fusiouns-Elan méi besteet. D'Schäfferéit vun deene fënnef Gemengen treffe sech net méi reegelméisseg. Och bei der Kommunikatioun no baussen happert et. D'Bettenduerfer Buergermeeschtesch Pascale Hansen huet sech aus perséinleche Grënn vum Poste vum Spriecher zeréckgezunn. Ee Successeur ass nach net designéiert. Ee logesche Kandidat wier den Dikrecher Buergermeeschter Claude Thill, hien ass nämlech President vum Syndicat à vocations multiples Nordstad, dee sech ënnert anerem och ëm d'Fusioun këmmere soll. Och déi zwee Vizepresidenten, den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis an den éischten Ettelbrécker Schäffe Bob Steichen kéinten als Spriecher designéiert ginn. Ma sou oder sou dierft an deene nächste Méint erëm méi iwwer d'Nordstad diskutéiert ginn. Vun eenzele Gemengepolitiker ass ze héieren, datt se Walkampf géint d'Nordstad wëlle maachen.