Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

LCD BTS Media Writing: Wat denke Jugendlecher ënner 18 Joer iwwer d'Gemengewalen?

Zwee Deeg virun de Wale mierke mir, dass Jonker, déi nach net dierfe wiele goen, net vill mat der Politik um Hutt hunn.

D’Wale sti virun der Dier, fir déi meeschte Leit den Moment hir Stëmm fir hir Kandidaten ofzeginn. Mee wéi gesäit et da fir deen Deel vun der Populatioun aus, deen an Zukunft um Aarbechtsmaart wäert aktiv sinn, an awer nach net wiele konnt? Fir där Fro nozegoen, si mir op Dikrech gefuer an hunn do déi Jonk mol gefrot, wat si mat der Politik um Hutt hunn. Do fält dann engem op, dass sech der vill an deem Alter nach net vill mat Politik ausernee setzen.

Dem 15 Joer jonken Olivier no ass dobäi och d’Schoul en Deel vum Probleem, wou een net vill iwwert dës Theme schwätzt. Hie kritiséiert, dass een an der Schoul villes aus dem Ausland bäibruecht kritt, mee näischt iwwert déi lokal Politik. Déi gëtt zum Beispill vun de jonke Befroten dacks kritiséiert, wann et ëm d’Thema kulturell Ariichtungen oder nach ëffentlechen Transport geet. Deen ass fir déi jonk Befroten dréngend verbesserungswierdeg.

Olivier:"Wann ee gesäit, dass ech all Dag 2 Stonnen ënnerwee sinn, wann ech zu Dikrech an d’Schoul ginn awer zu Mäerzeg wunnen, da muss ee sech Froe stellen."

Fir de 17 Joer jonken David wier et trotzdeem wichteg, dass sech jonk Leit fir d’Politik interesséiere sollten, grad well d’Politik och en Impakt op eist Liewe kann hunn. "Och wann dat ville Leit a mengem Alter nach net esou bewosst ass."

Parteie sinn awer besonnesch an dëser Walcampagne scho staark aktiv an de soziale Medien, fir ebe grad déi Jonk ze erreechen, dat via Videoen oder bezuelt Publicitéit op Plattforme wéi Instagram oder Tiktok, fir just déi ze nennen. Bei eiser Ëmfro ass awer erauskomm, dass dat bei deem Public nach net wierklech ukomm ass.

Wärend mer mam Mikro am Raum Dikrech ënnerwee waren, hunn net vill vun de Jonken tëscht 13 an 17 Joer sech wollten zum Thema Gemengewalen äusseren. Dee Sujet schéngt si deemno nach net wierklech ze interesséieren.