Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

LCTO: 100.000 Visiteuren am Touristebüro passéiert, déi Meescht waren aus Däitschland

Eppes méi wéi 100.000 Visiteuren hu sech zejoert am Accueil vum Luxembourg City Tourist Office berode gelooss.

Ee Véierel vun den Touriste koumen aus Däitschland. Fransousen an Hollänner kommen op di zweete respektiv drëtte Plaz.

Op der éischter Plaz vun de Stater Tourismusattraktioune sinn déi frësch renovéiert Péitruss-Kasematten. Zënter hirer Ouverture am Juni zjoert hu ewell 8.500 Leit di ënnerierdesch Galerië besicht. Op déi zweete Plaz kommen d'Visite-guidéeën am Palais.

Fir di nei Saison huet den LCTO sech elo eng nei Strategie ginn. Esou wëll een den Accueil vun den Touristen nach weider besseren.

Dëse Weekend fänkt jo déi eigentlech Touriste-Saison am Grand-Duché un. D'Leit géinge méi spéit a méi spontan buchen. Ma déi éischt Reservatioune fir den Ouschterweekend wieren awer do.